SPAMBEETool soll bei "béisaartegem" Online-Contenu warnen

Eng speziell Unitéit bei der Police këmmert sech ëm Strofdoten, déi online ausgefouert ginn. An deem Kader gouf och en neie Projet annoncéiert.

Leschten Update: 15.04.2019, 23:54:31

© Unsplash

De Piraten-Deputéierte Sven Clement hat eng Partie Froen un de Minister fir bannescht Sécherheet François Bausch gestallt, dat ronderëm d'Thema vun der Cyberkriminalitéit. De Minister erkläert, datt et de Begrëff "Cyberkriminalitéit"esou net am Lëtzebuerger Code pénal gëtt.

Sektioun "Cybercriminalité" ass an d'Liewe geruff ginn

Mat der Policereform ass awer eng nei Sektioun mam Numm "Cybercriminalité" an d'Liewe geruff ginn. Wéi de François Bausch schreift, këmmert sech dës Sektioun ëm Fäll, bei deenen et „ouni de Gebrauch vun ICT-Systemer net zur Ausféierung vun enger Strofdot hätt kënne kommen. D'Enquêteure sinn esou zejoert mat 80 neien Dossiere befaasst ginn, "95 waren an der Enquête" a 16 sinn mat Succès ofgeschloss ginn, esou de Minister weider. Weider géifen an deem Beräich ëmmer nees Experte rekrutéiert ginn, fir d'Sektioun opzestocken.


Neie Projet mam Numm SPAMBEE

Domat d'Police enquêtéiere kann, gëtt och vill op d'Weiderleede vun Informatioune vun de Bierger selwer gesat. Hei ass zesumme mat BEE SECURE, der CNPDSECURITYMADEIN.LU de Projet SPAMBEE op d'Been gestallt ginn. Hei kann ee SPAM, Phishing oder aner E-Maile mat "béisaartegem" oder onerwënschtem Contenue ganz einfach mellen, an deem een e spezielle Plug-in an de respektive Browser installéiert. Ob et sech hei dann och wierklech ëm SPAM handelt, gëtt duerch e System analyséiert an den Notzer kritt Bescheed gesot.

Spezielle Plug-in an de Browser integréieren

Nieft dem Melle soll dësen neie Plug-in d'Internetbenotzer och viru geféierlechem Online-Contenu schützen. Den Tool weist engem ënnert anerem un, falls een ob engem onseriéise Site ënnerwee ass oder eng Phishing-Mail kritt huet. Wéi de Minister annoncéiert, geet dëse Projet nach virum Summer dëst Joer online. Aktuell kann een awer all Informatioun och der Police matdeelen. Um Site vun der Police sinn iwwerdeems eng ganz Rëtsch Informatiounen ze fannen.

Links