Gesond Ernärung"Smoothie" schlecht fir d'Gesondheet?

Gesond Ernärung boomt. Zemools de sougenannten "Smoothie" ass ganz beléift. Ma et däerf een et net iwwerdreiwen, soss kann d'Gesondheet drënner leiden.

16.04.2019, 04:02:11

© Pexels

U sech ass de Smoothie jo eng immens praktesch Erfindung. Amplaz ëmmer nees Pausen am Alldag anzeleeë fir tëschenduerch eng Banann oder en Apel ze iessen, kann ee säin deegleche Bedarf un Uebst einfach op ee Coup decken. Gesonde Fast-Food also.

Friichten, esou wäit ass kloer, hu Vitaminnen a Stoffer, déi de mënschleche Kierper brauch, fir anstänneg ze fonctionnéieren. Doriwwer eraus erhoffen sech vill Leit vun Uebst, dass de Kierper vu banne gebotzt gëtt an och Entzündunge verhënnert ginn. Déi héich Konzentratioun geheit awer eng Fro an de Raum: Ass e Smoothie doduerch iwwerhaapt nach gesond?

Experte warne virun allem virum Fruuchtzocker, deen an engem Smoothie vill méi konzentréiert virzefannen ass, wéi bei Uebst a senger traditioneller Form. Dat läit dorun, dass beim Püréieren all d’Ballaststoffer verschwannen. Zemools bei Smoothien, déi een ënnerwee keeft, huet ee keng Kontroll wéi vill vu wat iwwerhaapt dran ass.

Besser ass et dohier de Smoothie selwer ze maachen. Fir de Problem mam villen Zocker ze léisen, bidde sech gréng Mëschungen un, wéi zum Beispill mat Spinat. Generell si Variante mat Geméis ëmmer eng gutt a gesond Optioun.

Lauschtert hei de ganze Reportage

En zweete Problem ass dee vum Knaen. E Smoothie drénkt ee jo, et knat een doduerch net. Wien net knat, kritt awer méi séier nees Honger, well de Kierper mengt e wier net gesiedegt. De Risiko ass also och méi héich, op emol tëschenduerch nees eppes ze schneeken

Schlussendlech kann ee soen, dass e Smoothie ëmmer enger richteger Moolzecht gläiche sollt. Dat erreecht een net, an deem een nëmmen Uebst zesummemëscht. Wann een awer nach Geméis, Kären, Nëss a Jughurt dobäi mëscht, ass dat nees eng ganz aner Saach.