Life of Bryan - 5G-TechnologieËmmer méi séier?

Mat 4G si mer esou mobil ënnerwee wéi nach ni, mee wéi steet et mat 5G a wat maache mer iwwerhaapt mat esou vill Internet?

Leschten Update: 18.04.2019, 08:58:22

© AFP/Archiv/Josep LAGO

Mat 4G-Internet um Smartphone si mer esou mobil ënnerwee wéi nach ni. Chatte, Streamen an Downloads sinn den Alldag an den Daten-Trafic gëtt ëmmer méi grouss.

An hei kënnt di nei 5G-Technologie an d’Spill.

Esou wéi et elo steet soll eng 5G-Verbindung bis zu 20 Mol méi séier si wéi 4G. Dat wiere 20 Gigabyte pro Sekonn. Filmer, Serie, Spiller, all Form vu risegen Date sinn a Momenter gedownloat, kabellos an onofhängeg vun der Distanz. Fir de reguläre Consommateur wier et also ee massiven Upgrade zu eiser momentaner Situatioun.

Wou et méi interessant gëtt, ass an aneren Industrien a wéi eng Technologië 5G erméiglecht. Servicer wéi autonom Autoen, d’Cloud a kënschtlech Intelligenz géinge vun enger séierer an zouverlässeger Verbindung, wéi ee se sech vu 5G erhofft, onheemlech profitéieren. 5G kéint also bestoend Technologië verbesseren a genau sou vill nei Weeër opmaachen. Natierlech ginn et bei neie Saachen Hoken, Nodeeler an Zweiwel. Bei 5G sinn et momentan Infrastruktur, Geld a Sécherheet.

Fir eng 5G-Verbindung muss déi respektiv Hardware installéiert sinn an dat kascht Suen, esouwuel fir de Staat wéi och fir den eenzele Konsument. Et ass och nach onkloer, ob déi etabléiert Sécherheetsmoossname fir déi nei Technologie fonctionnéieren oder ob se geupdate musse ginn. 5G am Alldag ass - wéi et elo steet - also nach en Dram, mee et den Dram ass definitiv um Horizont ze gesinn.