TippsWéi ee säi Smartphone fir den Noutfall rëscht

De Smartphone ass net nëmmen ee praktesche Begleeder am Alldag, mee kann an Extremsituatiounen och Liewe retten.

Leschten Update: 24.04.2019, 18:05:48

© pexels.com

De Smartphone ass net nëmme fir d’Kommunikatioun, d’Aarbecht an d’Ënnerhalung gutt, mee e weess och permanent wou een ass. Net jidderee fënnt dat gutt, mä de Smartphone kann awer am Extremfall Liewe retten.

Dat ass virun allem de Fall wann een an ofgeleeëne Gebidder ënnerwee ass an zum Beispill Sport mécht. Séier kann ee veronglécken oder selwer ee fannen dee medezinesch Hëllef brauch. Ee virbereeten Handy kann a sou engem Fall onkomplizéiert a séier hëllefen an déi verongléckte Persoun fannen. Wann ee selwer nach an der Lag ass, kéint ee mat der richteger Virbereedung och nach méi einfach Hëllef ruffen.

Hëllefräich App fir een ze lokaliséieren

Eng ganz einfach Méiglechkeet, am Noutfall matzedeele wou ee grad ass, kënnt vu Google selwer. Déi entspriechend App heescht "Trusted Contacts". Hei hannerleet een eng Lëscht mat Kontakter. Dës Leit kréien dann ugewise wou ee grad ass, wann een dat esou astellt. Och kann ee selwer kucke wou déi aner dru sinn.





Dës App soll awer net zu engem Kontrollinstrument ginn, mä ass nëmme fir den Noutfall geduecht. Natierlech brauch een hei ee Google-Account genee sou wéi déi di op där Lëscht stinn. Wann een a Gefor ass, an d’Plaz wou een ass, séier matdeele wëll, kann een dat och manuell iwwer d’App maachen iwwert eng Alarm-Funktioun.


Et gëtt awer och eng Alternativ. iPhone bitt z.B. d’Funktioun "Mäin iPhone sichen" un. Domat kënnen all déi vernetzten Apple-Geräter lokaliséiert ginn. Aus Dateschutz-Grënn sollt een hei awer oppassen. Sou huet de Bedreiwer vun der App ëmmer Zougrëff op äre Standuert.


Noutfall-Info um Ecran wann de Smartphone gespaart ass

Hëllefräich ass, wann um Ecran vun ärem Handy am Spär-Modus eng Noutfall-Kontakt-Info ugewise gëtt. Sou kënnen Drëtter direkt iwwert den Handy ofliese wien se an engem Noutfall uruffe mussen, a brauche kee Code. Ënner Apple iOS fënnt een eng entspriechend Optioun an der Gesondheets-App ënner „Noutfallpass“. Do kann ee perséinlech Informatiounen, Krankheeten, Bluttgrupp oder eben Noutfall-Kontakter aginn. Den "Noutfallpass" kritt ee gewisen wann een um Ecran op Noutfall dréckt. 

© iPhone Screenshot


Um iPhone selwer kann een awer och, ouni de Code anzeginn, d’Noutfallnummer uruffen. Et ginn natierlech och nach weider Méiglechkeeten.

Jidderee sollt sech mol driwwer Gedanke maachen, wéi eng Méiglechkeeten et ginn respektiv wéi ee jee no Situatioun am séiersten un Hëllef kënnt, a wéi engem am séierste gehollef ka ginn.

Lauschtert hei d'Reportage: