Kann e Videospill hëllefen?Mat Assassin's Creed d'Notre-Dame opbauen

E Méinden hu ganz vill Leit ronderëm d’Welt d'Loft ugehalen, wéi d'Paräisser Kathedrale a Flame stoung. E Spill kéint elo beim Opbau hëllefen.

Leschten Update: 19.04.2019, 08:57:00

© LUDOVIC MARIN / AFP

Déi 850 Joer al Notre-Dame war e Méinden a Flamen opgaangen. Eng vun den éischte Saachen, déi de franséische Staatspresident gesot huet war, dass déi historesch Kathedrale erëm opgebaut géif ginn. Ma e Videospill kéint hei vu grousser Hëllef sinn.

Assassin’s Creed Unity ass den 11. November 2014 erauskomm a spillt am 18. Joerhonnert, zur Zäit vun der Franséischer Revolutioun. Hei handelt et sech ëm en "open world game", dat heescht, et kann ee fräi an der Welt ronderëm lafen an eenzel Missioune maachen. 

Ënner anerem kann een an d’Kathedrale era goen a souguer drop klammen.
Dat Speziellt dorun: D'Gebai ass extrem detail-getrei duergestallt. Esou detail-getrei, dass se elo beim Opbau vun der richteger Notre Dame hëllefe kéint - an zwar fir déi Deeler, vun deene keng Baupläng méi virleien.


Mee wéi ass et méiglech, dass esou ee Bauwierk esou original-getrei an engem Spill duergestallt ka ginn?

D’Caroline Miousse ass bei Ubisoft fir d’Entwécklung an d’Duerstellung vun de Levelen an de Welten zoustänneg. An engem Interview sot hat, dass 80% vu senger Aarbechtszäit just fir d’Digitaliséierung vun der Notre-Dame dropgaange sinn.

Iwwert zwee Joer huet hat d'Pläng vum Grondrëss, d'Informatioune vun Historiker an Tonne Bicher iwwert d’Kathedrale studéiert fir se esou genee wéi méiglech nozebauen.



An ebe grad well déi virtuell Versioun esou proportionell - a genee wéi d’Original designt gouf - kéint een d’Spill fir d’Restauratioun gutt gebrauchen. Just verschidden Elementer, wéi d’Uergel zum Beispill, sinn am Spill net exakt nogebaut ginn, well se urheberrechtlech geschützt sinn. Et ass also ze hoffen, dass dat mam Opbau zu Paräis esou gutt klappt, wéi am Spill.