Néierlag virprogramméiertFotoe mam Drake bréngen Ongléck

Fotoe mam Drake sollen Ongléck bréngen. Op d'mannst Sportler déi eng Foto mam kanadesche Rapper gemaach hunn, hu kuerz dono eng Néierlag kasséiert.

Leschten Update: 18.04.2019, 05:03:42

© AFP/Archives/AARON M. SPRECHER

Den Aubrey Graham – besser bekannt  ënner sengem 2. Virnumm Drake, ass wuel deen erfollegräichste Rapper aus de leschte Joren. Ënnert senge Fans sinn natierlech och vill Sportler - an de Rapper ass selwer ee grousse Sport-Fan.

Dës Kombinatioun huet dozou geféiert, dass verschidde Futtballstaren mam Drake eng Foto gemaach an déi natierlech op Social Media gedeelt hunn. Dëst Joer zum Beispill de Borussia Dortmund Spiller Jadon Sancho, de Manchester City Player Sergio Agüero, de Pierre-Emerick Aubameyang vun Arsenal a fir d’lescht de Layin Kurzawa vum PSG.

An dës Spiller hunn all eppes gemeinsam: si hunn an de leschte Wochen mat hiren Equippen wichteg Matcher verluer.



Fir d’lescht huet de PSG de Weekend  mat 1:5 géint Lille dee kierzere gezunn, nodeems de Kurzawa just e puer Stonne virdrun säi Bild mam Drake gepost hat. Dortmund, Man City an Arsenal ass et an dëser Saison d’selwecht gaangen. Fir dat ze verhënneren, huet den AS Rome via Twitter matgedeelt, dass hir Spiller bis Enn vun der Saison keng Foto méi mam Drake dierfe maachen.



Dem Drake seng Fotoen schéngen deemno verflucht ze sinn an dat limitéiert sech net just op de Futtball. Sou soll den Drake och fir eng Defaite am US Open vum Tennisstar Serena Williams géint d’Outsiderin Roberta Vinci responsabel sinn. Och de Basketspiller aus der NBA huet den Drake Defaiten bruecht.

Bis ewell soll den Drake scho fir iwwer 2.000 Néierlage responsabel sinn. Dat huet d’Sportler awer net dovun ofgehale Biller mam Rapper ze maachen, A sou wäert de Fluch wuel och an Zukunft säin Onwiesen dreiwen. Defaite gehéieren eben bei de Spor,  genee sou wéi Promi-Fotoen bei d’Sportler.