Weltwäite VerglachEng Zigarett um Buedem kann deier ginn

Vun den iwwer 3 Milliarden Zigaretten, déi zu Lëtzebuerg verkaaft goufen, lant déi eng oder aner och um Buedem - an dat kann deier ginn.

17.04.2019, 16:11:42

© Eldoradio Archiv

Eréischt lescht Woch huet den Ëmweltministère déi nei Sensibiliséierungscampagne "Offall kann déidlech sinn – gehei näischt an d'Natur" lancéiert. Nieft der Gefor fir Mënsch an Déier, spillt bei dëser Aart vun Ëmweltverschmotzung awer nach e weidere Facteur eng Roll: Et kann och deier ginn.

Lauschtert eran!


Strofen zu Lëtzebuerg tëscht 49€-250€

Och ënnert dem Term Littering bekannt, kann eng muttwëlleg Verschmotzung mat Geldstrofe vun 49 bis zu 250€ hei zu Lëtzebuerg déif an de Portmonnie schloen. Wien dat schonn deier fënnt, dee soll sech d'Präislëscht bei eisen Noperen am Ausland ukucken: Am däitsche Mannheim sinn d'Strofen eropgesat ginn, deemno muss ee fir all Zigarett, déi net am Äschebecher oder der Poubelle lant, 75€ bezuelen. Fir Knätsch um Buedem sinn et souguer 100€. Zu Graz an Éisträich kënnen et an Zukunft souguer 1.000€ sinn.

Präisser vun de Päck erhéijen

Aktuell läit d'Strof bei 218€. Singapur, ee vun de grousse Virbiller a Punkto Propretéit, freet 300€. Eng aner Variant ass et d'Präisser vun de Päck selwer an d'Luucht ze setzen, fir d'Leit dozou ze beweegen, net ze fëmmen an esou dann och keng Zigaretten op de Buedem ze geheien. Zu Lëtzebuerg kascht den 20er-Pak tëscht 4€20 an 5€80 an ass am Verglach mat eisen direkten Nopere méi bëlleg. An Australien gesäit dat anescht aus: Hei muss ee fir ee Pak 17€ op den Dësch leeën.

Deierst Zigarette ginn et an Australien

Australien hält sech domat un d'Recommandatioun vun der WHO. Der Weltgesondheetsorganisatioun no wier nämlech de Präis vum Pak déi effektiivste Method, Leit vum Fëmmen ofzehalen. Domat sinn déi australesch Zigaretten déi deierst weltwäit. Eng Stad an Holland geet souguer nach ee Schrëtt weider. Zu Groningen wëll een d'Zigarette ganz aus der Stad verbannen. Grond hei: Wann een aner Leit gesäit fëmmen, géif een éischter dozou verleet ginn, et d'nämmlecht ze maachen. Hei gëtt also mam sozialen Drock geschafft.

Fann dir d'Strofen am Grand-Duché fir Zigaretten um Buedem gerechtfäerdegt? Mir hu bei iech nogefrot:

Lauschtert d'Äntwerten!