Ni méi an der Schlaang waardenE Face-Scan Fligerbilljee?!

Séier eng Foto gemaach an direkt an de Fliger.

Leschten Update: 24.04.2019, 18:06:18

© Unsplash

Wéi einfach an agreabel wier et, wann een um Fluchhafen net méi säin Ticket parat misst hunn a beim Drop off, bei der Sécherheetskontroll a beim Gate net méi sou laang an der Schlaang stoe misst? Genee dat ass d’Zil vu verschiddene Fluchhäfen a Gesellschaften.

Wat jo schonn zënter längerem geet, ass dass ee seng Bordkaart digital um Handy virweise kann a kee Pabeiersticket méi brauch. Einfach kuerz scanne loossen, d’Carte d’identité weisen an et ass een duerch.
Mee och dat geet nach net iwwerall. Op de Maldiven, am Marokko, zu Abu Dhabi an zu St. Petersburg muss een zum Beispill nach e richtegen Ticket virweisen.

© Unsplash

Erstaunlech ass, dass an enger Etüd, fir déi 200 Leit befrot goufen, zwee Drëttel awer nach ëmmer géint d’Ofschafe vun den ausgedréckten Tickete sinn. Dat gréisstendeels aus deem Grond, well den Dateschutz hirer Meenung no do nach ëmmer am beschten ass.

Nieft dëser Diskussioun, gëtt et awer elo schonn eng nach méi modern Technologie, déi och schonn op verschiddene Fluchhäfen a vun e puer Gesellschafte getest gëtt. An zwar biometrescht Boarding.
Dat ass de Moment awer nach e Pilotprojet, deen op fräiwëlleger Basis getest gëtt. Et muss een sech am Virfeld mat engem Ausweisdokument registréieren a sech an engem biometresche Kiosk vum Fluchhafe fotograféiere loossen. D’Gesiicht vum Passagéier op der Foto gëtt da vum System mat deem vum Ausweisdokument verglach, a wann et iwwerenee stëmmt, soll de Gate am Idealfall automatesch opgoen, soubal een dohi kënnt.


Wie mat Lufthansa vu L.A. fortflitt oder mat Delta vun Atlanta kann de biometresche System schonn testen. Just drun denken, dann am beschte kee Sonnebrëll unzedoen oder de Baart wuessen ze loossen, soss kann et gutt sinn, dass dir awer ären normalen Ticket braucht.