Dir sidd onsécher?Am Gesiicht erkenne wie friem geet

An enger gesonder Bezéiung steet Vertraue ganz uewen.

18.04.2019, 16:00:25

© Unsplash

Wien nämlech permanent dovun ausgeet, dass säi Partner eventuell friem goe kann oder einfach Schluss mécht fir sech direkt op een aneren anzeloossen, dee mécht d’Bezéiung fréier oder spéider wéinst deem stännege Mësstraue futti. Gutt also, dass et dofir elo eng Léisung gëtt.

Unhand vum Gesiicht soll een anscheinend erkenne kënnen, wéi de Partner iwwert d'Ontreisinn denkt. Op alle Fall mol bei de Männer.

An enger Etüd sinn 1500 Participanten invitéiert ginn, déi jeeweils Fotoe vun 101 Männer an 88 Frae gewise kruten. Dës Männer a Fraen si virdru gefrot ginn, ob si scho friem gaange sinn oder engem de Partner ausgespaant hunn. D’Participanten hunn da misse bei den eenzele Persounen d’Wahrscheinlechkeet vun der Ontrei op enger Skala vun 1 bis 10 uginn.

Souwuel Männer wéi och Frae konnten dobäi bei de Männer déi hinne gewise goufen direkt an akkurat feststellen, wien dann elo net ëmmer ganz esou trei war. Bei de Frae war dat dogéint absolut guer net de Fall. Bei deenen ass et vill méi schwéier, dat just um Gesiicht erauszefannen.

© Unsplash

D’Participante missten och nach uginn, wéi attraktiv se déi jeeweileg Persoune fannen. An dat hat e ganz bestëmmte Grond. Bei der Etüd ass nämlech och erauskomm, dass déi Männer mat engem méi maskulinem an attraktivem Gesiicht, och méi Mësstraue bei de Leit ervir geruff hunn.

Allerdéngs heescht et do : Oppasse virun engem ze séiere Viruerteel !

De Fuerschungsleeder vun der Etüd, de Yong Zhi Foo betount nämlech, dass grad déi attraktiv Männer manner friemginn ! Also net ze séier uerteelen, wann dir ee gesitt, soss schätz dir villäicht äre potenziellen nächste Partner komplett falsch an.