IessgewunnechtenAm Sëtze schmaacht et besser

Am Stoen ze iesse verbënnt ee meeschtens mat ongesondem Iessen. Am Sëtzen ze iesse bedeit dogéint, dass mer gutt Zäit hunn. Ma och de Goût ass en aneren!

Leschten Update: 24.06.2019, 16:10:13

© Pexels

Nieft den héijen Temperature si gutt gefëllten Terrassen e kloert Zeechen, dass endlech Summer ass. Einfach mol vun Zäit zu Zäit mat de Kollegen chillen an et sech a relaxer Ambiance gutt goe loossen. Dat bitt sech net nëmmen un, well et schéi bequem ass, mee och well d’Iessen eis besser schmaacht.

Enger Etüd vun der University of South Florida no beaflosst eis Kierperhaltung nämlech eise Geschmaach. Dat ass iwwregens och dee Sënn, deen am mannsten entwéckelt ass. Mir kënnen tëscht 5 verschidde Goûten ënnerscheeden an dat war et. Dofir hëllefen eis déi aner Sënner weider. Zum Beispill schmaache mir eist Iessen anescht, jee no deem wéi eng Faarf de Raum huet. Dat selwecht gëllt fir de Geroch an eben och, ob mir sëtzen oder stinn.

Déi amerikanesch Fuerscher hunn erausfonnt, dass Iesse manner intensiv schmaacht, wann ee steet. Dat kann och seng Virdeeler hunn, zemools wann een ëmmer nach net sou richteg vum Brokkoli iwwerzeegt ass. De Grond firwat een am Stoen e bessere Geschmaach huet, ass wéi sou dacks kierperleche Stress.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Stoen ass logescherweis méi ustrengend wéi Sëtzen, dofir huet de Kierper manner Ressourcë fir d’Schmaachen iwwreg. Wie an der Paus séier säi Mëttegiessen am Stoen erofkréie wëll, entspaant net an huet och aus kulinarescher Vue kee Spaass.

Am beschten ass et dohier, wann der iech Zäit fir d’Iessen huelt, iech dohi sëtzt an einfach mol op d’Iesse konzentréiert. A wann dir richteg entspanen a genéisse wëllt, loosst der dobäi nach de Smartphone an der Täsch.