London CallingAn dëser Bar ginn et just rosa Drinks

Zu London gëtt et elo eng Bar, déi nëmme rosa Cocktailen offréiert!

Leschten Update: 26.06.2019, 18:46:52

© pixabay.com

Ween op Restauranten oder Bare mat engem ausgefalene Konzept steet, dee brauch zu London net laang ze sichen. Hei gëtt et bal alles, wat ee sech esou virstelle kann, vu Kazecaféen a vegane Pubs, bis hin zum Dog Brunch. Elo huet déi britesch Haaptstad awer nees eng nei Attraktioun – an dat a Form vun enger Bar, wou ee just rosa Cocktailen ze drénke kritt.

Lauschtert hei de Reportage:


Hei kann een zum Beispill de Cloverish Club ausprobéieren, e Cocktail aus Gin an Hambiersjus, deen ausgesäit ewéi a Béier, mee ebe just rosa. Oder awer och de Blue Sour deen, wéi den Numm et schonn undeit, zu engem gudden Deel aus Blo-Biere besteet. Ween da léiwer Schampes huet, dee kann eng Kreatioun aus Schampes, Rubbarb an - well mer jo hei schliisslech a Groussbritannien sinn - natierlech och engem Schoss Gin besteet.

© pixabay.com
 

D’Bar mam Numm Little Mercies fënnt een am Norde vu London an dat bescht ass, dass en Deel vun dem Erléis vun de Cocktailen un eng Fondatioun géint de Broschtkriibs gespent gëtt.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter