Opgeschloss a motivéiertDe Kanner-Jugendtelefon sicht nei Mataarbechter

De Kanner-Jugendtelefon wëll wéi all zwee Joer d'Equipe verstäerke a sicht motivéiert Fräiwëlleger, déi sech fir d'Liewenswelt vu Jonken interesséieren.

Leschten Update: 26.06.2019, 18:56:58

© Unsplash

Zënter méi wéi 25 Joer bitt de Kanner-Jugendtelefon hire Service un. Ob online oder via Telefon, d'Mataarbechter offréiere Jonken an och Elteren eng anonym a vertraulech Berodung. Fir d'Betreie vun esou Demande sicht de Service nees fräiwëlleg Mataarbechter. 

Lauschtert eran!

Interesséierter ginn an engem praxisorientéiertem Aarbechtsgrupp op d'Berodung virbereet, esou d'Aline Hartz vum Kanner-Jugendtelefon. D'Grondausbildung besteet aus enger 70-Stonnen-Formatioun, déi owes a weekends organiséiert gëtt. Duerno muss nach e Stage vu gutt 6 Méint absolvéiert ginn. 

Spéider kann ee sech d'Schichte selwer leeën

An deem Kader gëtt ee vu Mataarbechter, déi scho méi laang dobäi sinn, encadréiert a suivéiert hir Aarbecht. Wann ee sech bis prett fillt, leet een d'Gespréich mat der jeeweileger Persoun selwer. Ufanks ass ee fir den Telefonsdéngscht responsabel, fir d'Online-Berodung oder den Elteren-Telefon muss een zousätzlech Formatioune maachen. Ass ee bis am Team, iwwerhëlt een zwou Schichten de Mount, déi een natierlech esou leeë kann, wéi een Zäit huet. Spéider ginn zousätzlech reegelméisseg Weiderbildungen offréiert. Eemol am Mount trëfft ee sech da mat anere Benevolle fir eng Supervisioun.

Vu September un neien Ausbildungsgrupp

Eng nei Ausbildungsgrupp gëtt vun Enn September un encadréiert. Den 1. Juli gëtt et schonn en Informatiounsowend, op deen all Interesséierten invitéiert ass. Hei gëtt ee Formulaire ausgefëllt, fir en eenzelt Gespréich z'organiséieren. Potenziell Kandidate musse sech also mat der Welt vu Kanner a Jonken ausernee setzen a fir hir Froen a Problemer en oppent Ouer hunn an opgeschloss ze sinn. Aktuell schaffen eng gutt 70 Fräiwëlleger beim Service, et hofft een awer – mat der Hausse vun den Ufroen zejoert – och d'Equipe deementspriechend ze verstäerken.