Blénken, tuten & beleidegenWat ass am Verkéier erlaabt?

Op de Stroosse gëtt getut, geblénkt, sech gestridden an och emol uerdentlech beleidegt. Ma iwwerdreiwe sollt een et net, soss gëtt et deier.

Leschten Update: 26.06.2019, 14:11:14

© Pexels

Vill dréint sech ëm de Verkéier hei zu Lëtzebuerg, dat awer manner well deen esou gutt leeft an esou stinn der vill vun eis e gudden Deel vun hirem Liewen am Stau. Déi eng huelen dat ganz relax op, déi aner platze bal vu Roserei. Kee Wonner also, dass et do dacks zu Reiwereie kënnt. An do gëtt dann och emol getut, geblénkt an deen, deen sech virun ee gedirängelt huet oder engem permanent hannendrop pecht uerdentlech vernannt. Ma dierf een dat iwwerhaapt alles a wann net, mat wat fir enge Strofe muss ee rechnen?

Beleidegunge gi vum Strofgesetz gereegelt

En anere beleidege geet natierlech net. An dat huet emol näischt mam Code de la Route ze di mä méi mam Code Pénal. Ma fir dass dat awer eng Infraktioun ass, mussen e puer Konditioune gi sinn, z.B. mussen se wierklech beleidegend, onmëssverständlech an och ëffentlech sinn, erkläert den André Schaack vun der Police. Ma ganz esou einfach ass dat jo dann net nozeweisen. Trotzdeem ginn et fir esou Beleidegunge Strofen.

Bis zu 250 Euro Strof kann eng Beleidegung deemno kaschten. Ma wéi gesot muss de Verstouss dee Moment awer emol nogewise ginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Tuten a blénken nëmme bei Geforen

Och Tuten a Blénken ass net ëmmer eng gutt Iddi, mécht een et an enger Situatioun an där et net ubruecht ass, da kascht dat 49 Euro. Mä wéini dierf een dann tuten a blénken? Ganz einfach, wann eng Gefor do ass. Dat kann och z.B. d'Iwwerhuelen op enger oniwwersiichtlecher Plaz sinn.

Eng Policekontroll ass keng Gefor

Elo tuten der jo och vill, bei der Luucht, wann dee virun engem net matkrut, dass et weider geet. Dat ass zwar keng Gefor, esou den André Schaack, ma hei géifen d'Polizisten de gesonde Mënscheverstand spille loossen a wuel kee wéinst esou eppes opschreiwen. Dacks kritt ee jo awer och geblénkt, wann iergendwou eng Policekontroll ass. Ma och dat ass dem André Schaack no natierlech verbueden.

Am Resumé muss een sech also bewosst sinn, dass een zwar grad bei Beleidegungen eng Plainte bei der Police ka maachen, dass awer d'Poursuitte vun esou Affären net esou einfach wier, wann z.B. keng Zeien do sinn.