Net alles kënnt erëm mat heemWat am dacksten am Hotel vergiess gëtt

Leider hunn och déi flottste Vakanzen en Enn. An zwar net ëmmer e schéint. Bei deem ville Gepäck vergësst een nämlech gäre mol eppes am Hotelszëmmer.

Leschten Update: 25.06.2019, 16:44:55

© Pexels

Dat ka wärend enger Party-Vakanz geschéien, bei der déi lescht Nuecht e bëssen eskaléiert ass. Et kann awer och no 7 Deeg Wellness an Entspanung geschéien, well ee mam Kapp wäit fort ass. Fakt ass: Jiddweree vun eis huet schonn eng Kéier eppes am Hotelszëmmer vergiess.

Eng franséisch Reesagence huet elo eng Lëscht mat deenen Objeten zesummegestallt, déi vun Touristen am dackste vergiess goufen.

Et kann een a kenger Vakanz drop verzichten, vill Wäert gëtt beim Pake fir heem awer net op de Sonnebrëll geluecht. Ganz nom Motto: Doheem schéngt d’Sonn dach souwisou net.

Bei de Spillsaache fir d’Plage, déi een doheem souwisou net brauch, ass d'Saach kloer: Déi ginn express net mat heem geholl. Oder fannt dir an ärer Wallis nach Plaz dofir, nodeems dir grouss shoppe waart?

E Klassiker an dëser Rubrik: D’Schwammbox respektiv de Bikini. Déi loosse mer bei der Hëtzt natierlech um Balcon dréchnen. D’Legend seet, dass déi och haut nach do hänken.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Mir schwätzen awer net nëmme vu finanziellen, mee och vun emotionale Verloschter. Wann de Liiblingsteddy e bësse méi laang Vakanz wëll maachen, ass doheem u Schlof net méi ze denken. Souwuel fir d’Kand, wéi och fir d’Elteren.

Wann een an der Vakanz ass, huet ee mat engem Safe direkt e vill bessert Gefill. Just domm, dass déi sécherst Plaz am Hotelszëmmer och déi ass, wou ee mol heiansdo säi Pass oder seng Kaarten hannerléisst. An deem Fall leider méi wéi seng Visittekaart.

Op der 1. Plaz steet de beschte Frënd vum Mënsch. Keng Angscht, Hënn komme meeschtens nees mat heem. Dofir bleift de Smartphone gäre mol leien. Schwéier ze gleewen, schliisslech leet een deen hautdesdaags dach net méi aus der Hand.