Diskussioun ëm EtüdGehéiert Spinat op Doppinglëscht?

Aktuell gëtt vill iwwert dat gréngt Geméis geschwat - eng bestëmmte Substanz am Spinat ass de Grond dofir.

Leschten Update: 26.06.2019, 16:01:00

© Pexels

Mam Spinat verbanne mer automatesch de Popeye: Den animéierte Matrouse verschléngt masseweis Douse vum grénge Geméis a kritt doduerch vun engem Moment op deen aneren déi stäerkste Muskelen. D'Iddi hei war wuel, datt een d'Kanner duerch dës Duerstellung dozou kritt, méi Geméis, respektiv virun allem Spinat z'iessen an ze weisen, dass een esou grouss a staark gëtt.

Lauschtert eran!

Russesch Sportler solle Substanz Ecdysteron geholl hunn

Ma genee dëst Phenomen wëlle Fuerscher elo bei Leeschtungssportler nogewisen hunn: Wéi an der Fachzeitung "Archives of Toxicology" ze liesen ass, sinn hir Muskelen duerch de Konsum vu Spinat gewuess. Fir d'Relatioun ze verstoen, muss ee den Hannergrond kuerz erklären: Der Substanz Ecdysteron gouf scho viru Joren nogesot, d'Leeschtung ze steigeren. An dësem Fall ass dëst awer éischter negativ konnotéiert. Russesch Sportler goufen an den 80er verdächteg, duerch dës Substanz bei den Olympesche Spiller besser ofgeschnidden ze hunn.

Leeschtung gouf erhéicht a Muskele si gewuess

Wat huet dat elo mam Spinat ze dinn? Ma genee dës Substanz ass och am grénge Geméis ze fannen. Mat de Russen am Hannerkapp huet eng international Fuerscherequipe vun der Uni Berlin en Experiment duerchgefouert. Getest goufen eng 46 Sportler. 10 Woche laang stoung intensiivt Kraafttraining um Programm, dat a Kombinatioun mat der Substanz Ecdysteron oder awer mat engem Placebo. Iwwerraschend war d'Resultat: D'Muskele vun de Sportler, déi Ecydysteron zou sech geholl haten, sinn dräimol méi kräfteg ginn, wéi déi vum Placebo-Grupp.

Substanz soll op Doppinglëscht

D'Sportler, déi a Kombinatioun mam Training d'Pëllen zou sech geholl hunn, konnten deemno um Enn vum Experiment méi Gewiicht hiewen. D'Leederin vun der Fuerschungsequippe plädéiert elo dofir, datt net de Spinat op d'Doppinglëscht gesat gëtt, mee d'Substanz Ecydysteron. Onkloer ass, wéi een dat kontrolléiere wéilt an op et iwwerhaapt gemaach gëtt. Wien awer elo mengt, duerch Spinat richteg vill u Muskelmass zouzeleeën: D'Sportler hu pro Dag 800 Milligramm Ecydysteron zou sech geholl. Fir op déi nämmlecht Quantitéit ze kommen, misst ee pro Dag bal 7 Kilo Spinat iessen.