Fakte ronderëm d'HëtztRotschléi fir ofzekillen ënner d'Lupp geholl

Et gi vill Rotschléi, wéi een am beschten duerch d'Hëtztwell kënnt. Ma net ëmmer sinn déi och richteg, dacks sinn se esouguer kontraproduktiv.

Leschten Update: 26.06.2019, 14:05:52

© Pixabay

Wann et zu Periode kënnt während deenen et esou waarm ass, wéi elo déi lescht an och déi nächsten Deeg, da mengt een et géif soss keen anert Thema ginn, wéi d'Hëtzt. An do kommen dann och eng ganz Rëtsch Recommandatiounen op, wéi ee sech bei grousser Hëtzt sollt verhalen a wat ee maache ka fir awer nach ouni ze vill ze schweessen duerch den Dag ze kommen. Ma vill Rotschléi oder Fakte sinn net ëmmer ganz richteg.

Kee Gesetz fir schoulfräi oder Congé bei grousser Hëtzt

Déi Saach mat engem obligatoresche Congé oder schoulfräi, wann et iwwer 35 Grad si gouf jo an de leschten Deeg gekläert. Schoulfräi gëtt et, wann d'Gemeng oder de respektive Lycée dat esou decidéiert. Op der Aarbecht ass et de Patron, deen entscheet. Dee muss sech awer ëm d'Sécherheet an d'Gesondheet vu senge Mataarbechter a Relatioun mat hirer Aarbecht këmmeren.

Ma e Gesetz, dat e Congé oder schoulfräi vun enger gewësser Temperatur u virgesäit gëtt et net.

Also heescht et fir déi meescht awer mueres opstoen an emol gutt kal duschen ze goe fir kill an den Dag ze starten.

Net ënner Kierperwäermt duschen

Ma dëse Rot ass éischter kontraproduktiv. Zwar deet déi kal Dusch no enger waarmer Nuecht fir kuerz Zäit gutt, ma d'Gehir kritt direkt d'Informatioun, dass d'Temperatur fält an d'Bluttgefäässer ënnert der Haut zéien sech zesumme fir dësem Verloscht u Wäermt entgéint ze wierken. Duerno muss de Kierper sech erëm un d'Baussentemperatur upassen an da gëtt erëm geschweesst. Dofir roden Experten net ënner Kierpertemperatur ze duschen.

Dat selwecht gëllt och fir kaalt Gedrénks. De Kierper reagéiert op d'Keelt, produzéiert dofir Wäermt an um Enn schweesst ee souguer méi, verléiert domat Flëssegkeet an huet domat nach méi Duuscht. Dofir gräifen d'Leit a ville Kulture vu waarme Länner zu Téi. Et schweesst een domat zwar permanent awer bei wäitem net esou intensiv.

Den Nomëtteg ass am wäermsten

Da gëtt jo och dacks gesot, dass ee grad an der Mëttegstonn soll oppassen, well et do dobaussen am wäermsten ass. Ma och dat ass falsch, d'Sonn steet dee Moment zwar am héchsten a gëtt déi stäerkste Stralung of, ma eréischt mat e bëssen Delai, d.h. wann sech och d'Diecher, d'Stroossen an aner Saache sou richteg opgehëtzt hunn an d'Wäermt erëm ofginn, gëtt déi héchsten Temperatur erreecht, dat meeschtens esou am spéiden Nomëtteg.

A wann et bis esou wäit ass, dann hëlleft e Ventilator beim Ofkillen. Mä geet doduerch d'Temperatur wierklech erof? Nee, soen d'Experten. Nëmmen d'Loft am Raum zirkuléiert doduerch méi an duerch dëse Loftzuch verdonst de Schweess op der Haut firwat et eis méi kal virkënnt.