Momo-ChallengeChallenge kënnt an de Kino

Nodeems d'Momo-Challenge 2018 via WhatsApp bekannt ginn ass, soll déi elo verfilmt ginn.

Leschten Update: 18.07.2019, 04:00:02

© Screenshot YouTube

D'Momo-Challenge besteet doran, dass ee Kettebréif iwwert WhatsApp geschéckt gëtt. Déi Noriicht kënnt vun enger grujeleger Figur, déi eng Mëschung aus enger Fra an engem Vugel ass. D'Figur fuerdert d'Leit op geféierlech Aufgaben ze léisen, déi a verschiddene Fäll bis zum Suizid solle goen. Et ass awer och méiglech, dass d'Momo-Figur sech a Videoen op Youtube verstoppt.

D'Challenge soll elo verfilmt ginn. De Filmstudio "Orion Pictures" schafft dofir mat de Regisseure Roy Lee an Takashige Ichise, déi ënnert anerem fir The Ring an The Grunge responsabel sinn.
Obwuel et nach kee genauen Datum gëtt fir de Film, warnen elo schonn ënnert anerem d'Police, Kannerdokteren an Elteren. Et soll ee mat de Kanner iwwert d'Challenge schwätzen an och d'Police kontaktéieren, wann ee vun der Figur kontaktéiert gëtt.

Wann een an sou enger Situatioun ass, da kann een ëmmer beim Kanner-Jugendtelefon oder BeeSecure uruffen. D'Nummeren hei sinn den 116-111 fir de Kannerjugentelfon, an den 8002-1234 fir BeeSecure.

Lauschtert eran: