"Storm Area 51"Aliens befreien? Aktioun suergt fir Opreegung

"Mir wëllen d'Aliens gesinn" - mat dësem Virsaz hunn onbekannt Notzer ee Facebook-Event erstallt. Et geet drëms d'Area 51 den 20. September ze stiermen.

Leschten Update: 18.07.2019, 11:52:57

© FREDERIC J. BROWN / AFP

An eng militäresch Spärzon anzedréngen, kléngt net no der beschter Iddi. Op Facebook begeeschtert de Moment awer een Opruff, bei deem et drëms geet d'US-Loftwaffe-Basis Area 51 ze stiermen. Ronn 1,5 Milliounen Notzer hu bis e Mëttwoch hir Participatioun un där Aktioun confirméiert. Iwwer eng Millioun Notzer hunn donieft op d'mannst Interessi gewisen drun deelzehuelen.

© Screenshot Facebook


D'Area 51 läit am US-Bundesstaat Nevada , eng 100 Kilometer vu Las Vegas ewech an ass een Test-Terrain fir experimentell Fligeren. Eréischt 2013 gouf d'Existenz vun der Anlag duerch d'CIA confirméiert, dobäi ass se well zënter de 50er Joren Deel vu verschiddenen Ufo- a Verschwierungstheorien, déi dem US-Militär zum Beispill virgeheien, do Ausserierdescher ze verstoppen. 

Net ganz eescht gemengt 

D'Initiateure vun der Aktioun "Storm Area 51" ruffen dozou op, sech um Muere vum 20. September virum Touristenzentrum vum Loftwaffe-Stëtzpunkt an der Wüst vun Nevada ze treffen. Am Netz suergt de Plang, dee wuel nëmmen een Deel vun de Facebook-Notzer eescht hëlt, fir vill Opreegung. Fans diskutéieren op Twitter doriwwer, wéi sech d'Sécherheetsautoritéite virun der Militärbasis am beschten oflenke loossen. Ee vun den Initiateure schreift awer et wier ee Witz, et hätt een net wierklech wëlles dëse Plang ëmzesetzen.





D'US-Loftwaff fënnt des Spaass-Aktioun wuel net esou witzeg. "Area 51 ass een oppenen Trainingsberäich fir d'US-Loftwaff, gëtt se an der "Washington Post" zitéiert, "a mir rode jidderengem dovunner of, an dëst Gebitt anzedréngen, an deem mir amerikanesch Sécherheetsleit ausbilden".

Lauschtert hei d'Reportage: