RebootGossip Girl kënnt zréck!

Wéi HBO Max confirméiert huet, sollen 10 nei Episode produzéiert ginn.

Leschten Update: 18.07.2019, 17:43:02

© Screenshot Netflix

Nodeems d’Serie no 6 Staffelen 2012 ofgesat gouf, ginn d'Intrige geschwënn nees lass. D'Serie huet sech ëm räich Schüler vun der Upper East Side gedréint, dorënner d'Blake Lively als Fashion-Victim a Style-Ikone Selena Van der Woodsen, d'Leighton Meester an der Roll vum ze verwinnte Blair Waldorf, den Chace Crawford als Schönling Nate Archibald an och de Pen Badgley an Ed Westwick, déi de Lonely Boy Dan Humphrey an de Bad Boy Chuck Bass verkierpert hunn.



Wéi de Streaming-Déngscht HBO Max confirméiert huet, sollen 10 nei Episode geplangt sinn. D'Serie wäert sech em déi nei Generatioun an der New Yoker Szene dréinen. War et beim Virgänger den Handy deen d'Intrigen an d'Shitstorms verbreet huet, sollen, wéi och a Wierklechkeet, d'Social Medias bei der neier Generatioun am Fokus stoen.

Bis elo ass net gewosst, ob déi al Acteure Gaaschtrollen am Reboot kréien. Responsabel fir d'Story vun der Serie sinn, wéi och scho beim Original, den Josh Schwartz an d'Stephanie Savage.