FaceApp Vs DateschutzNotzer gi Bildrechter of

Eng Foto beaarbechte geet mat der neier FaceApp ganz séier. Ma huet awer och Nodeeler.

19.07.2019, 11:30:47

© Pexels

Et ass aktuell den neisten Hit. An zwar eng App fir de Smartphone. Déi nennt sech FaceApp, an ass e Programm dee mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz de Benotzer op Fotoe méi al oder méi jonk ka maachen. Eng ganz Rei aner Funktioune ginn et natierlech och, wéi z.B d'Geschlecht ze wiesselen an ze kucke wéi een als Mann oder als Fra géing ausgesinn.

Et ass eng flott Spillerei, vun där och vill Prominenter, wéi z.B den Drake, d'Jonas Brothers oder d'Jennifer Lopez profitéieren. D'Applikatioun suergt fir erstaune wann ee gesäit, wéi realistesch déi Fotoe sinn, déi dobäi erauskommen.


Voir cette publication sur Instagram

Best caption wins ovo tickets

Une publication partagée par champagnepapi (@champagnepapi) le





Voir cette publication sur Instagram

👵🏼❤️

Une publication partagée par Jennifer Weist (@yaenniverfromtheblock) le



Kléngt jo alles immens flott, ma wou Luucht ass, ass och Schiet. Well jiddereen, deen d'App benotzt erlaabt den Hiersteller vun der App quasi den onageschränkten Zougrëff op all eenzel Foto déi eropgeluede gëtt an den Zougrëff op vill privat Donnéeën.

Am Laf vun der Zäit wäert sech weisen ob déi App e Sécherheetsrisiko ass oder net. Well een Dateschutzrisiko ass se nämlech elo schonn.

D'Tech Portal mam Numm ''Wired'' hëllt deem Ganzen awer och e bëssen d'Loft aus de Seegelen. Si maachen nämlech kloer dass sech Twitter, Facebook asw och sou ähnlech Rechter eraushuelen a punkto Dateschutz. Een dee Facebook oder Twitter benotzt, dierf sech also net iwwert den Dateschutz bei FaceApp opreegen. D'App kritt eben do ee ganz besonnesche Ruff well et eng russesch Applikatioun ass.

An deem Sënn kann ee soen, dass souwuel FaceApp wéi och d'sozial Medien ëmmer mat Virsiicht ze genéisse sinn a wann ee keng Donnéeë vu sech wëll erausginn, dann huet ee besser sech sou gutt et geet vum Internet ewech ze halen.


Lauschtert eran