Nogefrot!Instagram ouni "Likes" , wat haalt dir dovunner?

"Likes" op Instagram si scho bal e bëssen eppes wéi Sue fir d'Influencer. Ouni Likes also kee Geld? Wat haalt dir allgemeng vun deene "Likes"?

Leschten Update: 19.07.2019, 21:02:56

© Pexels

Social Media ass an eiser Gesellschaft quasi net méi ewech ze denken. Jiddereen ass iergendwéi mat engem Account verbonnen, sief et Facebook, Twitter oder Instagram. Ma duerch sou Plattformen entsteet bei verschiddene Leit e gewëssenen Drock. Well Likes ginn dacks benotzt fir sech mat engem aneren ze vergläichen, wat natierlech e groussen Drock kann ausüben, virun allem op jonk Useren, sou de Mediepsycholog Dr. Tobias Dienlin.

Fir genee där Problematik aus dem Wee ze goen, huet Instagram elo eng Testphas ageleet an där an enger Rei Länner d'Likes op de Fotoen ausgeschalt goufen, sou dass nëmmen nach deen, deen eppes gepost huet ka gesi wéi vill Likes en op enger Foto huet.




Dat huet Virdeeler, ma awer och eng Rei Nodeeler fir Influencer. Dës verdéngen nämlech domat Geld, dass se fir Produite vun enger Firma op hirer „Insta-Säit“ Reklamm maachen. Wat ee méi Follower a Likes huet, wat een natierlech och méi Sue vun der Firma froe kann. Wann awer net méi ugewise gëtt wéi vill Likes eng Foto huet, huet ee keng Referenz méi wéi dacks de Profil vun enger Persoun tatsächlech gekuckt gëtt.

Et kann een zwar nach ëmmer soe wéi vill Follower een op Instagram huet. Ma et ginn awer vill Leit déi followen engem a kucken ni méi eppes op dem Profil, sou dass d'Unzuel vun de Likes pro Foto vill méi doriwwer aussoen, wéi dacks e Profil opgeruff gëtt.

Et kéint sech also fir Influencer e bëssen eppes änneren. Dat ass awer nach net de Fall, well dat ganzt sech jo elo mol nach an der Testphas befënnt.


Lauschtert eran


D'Eldo-Crew ass erausgaangen an huet d'Leit gefrot ob si dofir oder dogéint sinn, datt d'Likes op Instagram net méi ugewise solle ginn.

Lauschtert Iech hei d'Meenunge vun de Leit un