Langweil op der AarbechtSi dir vum "Boreout"-Syndrom betraff?

Mat Sécherheet hutt der schonn de Begrëff "Burnout" héieren. Mee wéi gesäit et mam "Boreout" aus? Och dës permanent Ënnerfuerderung ka krank maachen.

16.08.2019, 13:02:25

© Pexels

Tatsächlech sinn d‘Symptomer vu Burnout a Boreout bal di selwecht: Depressiounen, Schlofstéierungen, Tinnitus, Kapp- a Réckewéi grad wéi Moproblemer sinn typesch. D‘Symptomer sinn zwar ähnlech, d’Grënn dofir kéinten awer kaum méi ënnerschiddlech sinn. Iwwerdeems ee beim Burnout ënner Iwwerfuerderung a Stress leit, zeechent sech ee Boreout virun allem duerch Langweil an Desintressi aus.

Fir d’Zäit op der Aarbecht op d'mannst iergendwéi sënnvoll ze verbréngen, flüchten sech di Betraffen a privat Oflenkung a verschwenden hir Zäit op Facebook oder mam Plange vun der nächster Vakanz. Och wann dat kuerz Zäit fir Oflenkung suergt, ass dat awer keng laangfristeg Strategie. Dat läit einfach un der Tatsaach, dass de Mënsch d’Aarbecht braucht - d‘Gefill vun enger sënnvoller Beschäftegung a vu berufflechem Erfolleg. E gewësse Mooss u positivem Stress ass net just gutt fir d’Moral, mee beaflosst och d‘Gesondheet an di mental Leeschtungsfäegkeet. Dohier gëllt: Eraus aus dem Boreout!

Dofir soll een d’Initiativ ergräifen an d‘Gespréich mam Chef sichen. Am beschten iwwerleet ee sech am Virfeld, wéi eng aner Aufgaben engem géinge Spaass maachen a kann dës dem Chef proposéieren. Wann d’Situatioun sech awer och duerch nei Aufgaben net ännert, da soll een driwwer nodenken, den Job ze wiesselen oder vläicht souguer een eegene Business opzebauen. Bis dohi schuet et och net, sech einfach no Feierowend méi schlau a méi kompetent ze maachen. Et kann een eng nei Sprooch léieren oder sech an engem aneren Owes-Cours aschreiwen.



All dat hëlleft dobäi, no der Aarbecht een Ausgläich ze fannen, mat deem een d‘Ënnerfuerderung ka kompenséieren.