Kaz, Hond a Co.Wéi eng Déieren erkenne sech am Spigel erëm?

Wa mir eis am Spigel kucke wësse ma ouni ze iwwerleeën, dass mir eis selwer ukucken. Mee wéi ass et eigentlech mat den Déieren?

16.08.2019, 04:00:48

© pexels.com

Mir kennen alleguer déi witzeg Afe-Videoen, an deene sech d'Déieren am Spigel kucken a Grimasse schneiden. Hënn bille sech selwer un an d'Kaze kréien an der éischter Sekonn mol e gudde Schreck an dréien um Rad.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Wëssenschaftler maachen zanter 50 Joer de bekannte Spigel-Test, fir eraus ze fannen, wéi eng Déiere sech selwer am Spigel erkennen a wéi eng net. D'Virgoen ass ganz einfach: Déi eenzel Déiere kréien e klenge faarwege Punkt op de Kierper gemoolt. Wa si probéieren de Fleck ewech ze maachen, ass et kloer, dass si sech selwer am Spigel erkannt hunn.

Och bei Afe gouf den Test gemaach an déi éischt Reaktioun war wéi en Alarm: D'Schimpanse mengen am éischte Moment, dass et sech ëm e Feind handelt, erkennen awer no e puer Sekonnen, dass si sech selwer bekucken. Orang-Utans zum Beispill sinn esou clever, dass si mat engem Hand-Spigel kucken, wéi propper hir Zänn sinn.



Den Delfin, deen zu de schlausten Déieren op der Welt gehéiert, kuckt sech am Spigel a weess direkt wat leeft, genee esou wéi den Elefant. 2006 hu Fleeger an engem Zoo e risege Spigel bei d'Elefante gestallt an d'Déieren hunn hire Mond an aner Kierperdeeler vu sech aus selwer kontrolléiert.



Bei de Schwäin ass dat Ganzt eng aner Saach a mécht d'Fuerscher skeptesch: D'Schwäin erkennt nämlech Fudder am Spigel a weess wou et steet, mee wann et eng Markéierung um Kierper huet, erkennt et déi net. D'Experte ginn dovun aus, dass et Déiere gi wéi d'Schwäin zum Beispill, déi zwar gesinn, dass si virum Spigel stinn, awer näischt domat ufänke kënnen. Hinne feelt - wéi de Katzen an den Hënn - d'Selbstbewosstsinn. Bei Kazen an Hënn ass et wéi ufanks bei den Afen: Si gräife sech un - ma sech selwer am Spigel erkennen, maachen se awer net.