Life of Bryan - Once Upon a Time in HollywoodE Film iwwer d'Filmindustrie

Mat Once Upon a Time in Hollywood presentéiert den Tarantino seng Versioun vun de 60er Joren Hollywood Hills an der amerikanescher Kultur.

Leschten Update: 19.08.2019, 09:28:20

© YouTube Screenshot

Once Upon a Time in Hollywood féiert eis zeréck an d’Zäit vun den turbulente  60er Joren an der deemoleger Hollywood Filmindustrie. An deem Kader verfollege mer de Schauspiller Rick Dalton a séi Stunt-Double Cliff Booth an hiert Liewen an den Hollywood Hills. Gespillt ginn déi 2 Figure vum Leonardo DiCaprio a vum Brad Pitt, déi e kriminellt gutt Duo bilden. Aner nennenswäert Schauspiller wéi d’Margot Robbie an den Al Pacino sinn zwar och mat vun der Partie, mee hir Rolle waren op d'mannst fir mech onerwaart kleng.



Wat de Film awer besonnesch ausmécht ass de Regisseur selwer, de Quentin Tarantino.

Den Tarantino ass ee vun de grousse Film-Auteure vun eiser Generatioun an dat ass och bei sengem 9. Film kloer ze gesinn. All Sekonn, all Location an all Zeen strale säin eenzegaartege Stil aus an déi typesch Tarantino-Momenter si natierlech och nees dobei. Musek aus de 60er a 70er, eng Grëtz iwwerdriwwe Gewalt a surreal Figuren an Dialoger.

Wat Once Upon a Time in Hollywood awer ënnert den Tarantino-Filmer ausmécht, ass de Fokus op d’Filmindustrie an d’Konscht vum Film. Den Tarantino weist hei seng Léift fir Filmer a seng Obsessioun mat amerikanescher Kultur wéi a kengem vu sengen anere Projeten.

Once Upon a Time in Hollywood ass ee vun dem Tarantino senge méi rouege Filmer a wie Filmer genee esou gären huet wéi hien, wäert hei wahrscheinlech och säi Spaass hunn.

Lauschtert Iech hei de Reportage un