13 Reasons WhyFinalen Trailer viru Start vun 3. Staffel

Nach knapps eng Woch, da start déi nei Staffel vun 13 Reasons Why. Netflix huet do virdrun e leschten Trailer online gesat.

Leschten Update: 16.08.2019, 12:53:16

© Screenshot YouTube

Vir ewech: Netflix huet scho mam éischten Teaser zu der neier Staffel vu 13 Reasons Why fir grouss Onzefriddenheet bei Fans gesuergt - et gouf e massive Spoiler verroden, fir vill Leit e Grond, d'Serie ze boykottéieren. Anerer hunn et manner dramatesch opgeholl, well de Spoiler eigentlech d'Handlung vun der neier Staffel ass.

Falls dir dësen Teaser awer net sollt gesinn hunn, dann heescht et och elo op kee Fall weiderliesen a scho guer net den neien Trailer kucken.

SPOILERS. COMING. IN.



Mir hunn iech gewarnt, elo läit et ganz bei iech.


De Bryce Walker gëtt dout opfonnt a wien d'Story kennt weess, datt praktesch jiddereen e Motiv kéint hunn. Och den Trailer verschéinert näischt a weist, datt jiddereen ënner Verdacht steet - souguer de Clay Jensen, ee vun de beléiften Haaptduersteller.

Ma och no dësem Trailer huet d'Kritik net laang op sech waarde gelooss: Déi eng soen, déi nei Staffel gesäit aus wéi eng Kopie vun der Serie Pretty Little Liars, anerer fannen et schued, datt d'Story sech elo net méi vill vun den al-bekannten FBI- a CIS-Serien ënnerscheet.

Maacht iech äert eegent Bild, vum 23. August u sinn déi nei Episoden disponibel.