Fra vs. MannWien ass besser am Multitasking?

Frae kënne besser e puer Saache matenee maache wéi Männer, dat schéngt festzestoen. Eng ganz nei Analys widdersprécht deem awer.

Leschten Update: 16.08.2019, 17:46:02

© Pixabay

Ëmmer erëm gëtt probéiert Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra ze fannen, nëmme fir da kënnen ze soen: „Frae kënnen dat heite besser, Männer si besser doran, asw.!“ An esou hält sech zanter Joren d'Gerücht, dass Frae besser am Multitasking si wéi Männer an dës Behaaptung huet sech richteg an eis Käpp agebrannt. Ma wéi bei bal all Behaaptung ginn et ëmmer erëm Etüden, déi de Géigendeel wëllen erausfonnt hunn an esou ass et dann och a Saache Multitasking.

Nei Etüd mat 96 Versuchspersounen

„Frae kënne méi Saache matenee maachen!“ - dës Behaaptung héiert een ëmmer erëm. Ma enger rezenter Etüd vu Mëtt August vu der RWTH Aachen no ass dat net ganz richteg. Dobäi goufen och scho virdru wëssenschaftlech relevant Analysen an där Hisiicht gemaach, op en eendeitegt Resultat sinn se awer ni komm.

Fir déi rezentsten Analys sinn dann elo 96 Versuchspersounen, also 48 Männer an 48 Frae, getest ginn. Si hu mol zwou Aufgabe matenee missten erleedegen, mol hu se der noenee misste léisen, woubäi se do ëmmer erëm tëscht den Aufgaben hu misste wiesselen. Eng Aufgab huet z.B. dora bestanen, eng raimlech Figur am Kapp rotéieren ze loosse während d'Testpersounen hu missten Zuelen no „grued“ an „ongrued“ sortéieren.

Méi lues a méi Feeler

Dobäi gouf dann d'Reaktiounszäit awer och d'Korrektheet vun den Äntwerten erfaasst. An et huet sech erausgestallt, dass Männer a Fraen am Verglach zu de Kontrollpersounen, déi nëmmen eng eenzel Aufgab hu misste bewältegen, d'selwecht schlecht ofgeschnidden hunn. Si sinn a selwechtem Mooss méi lues ginn an hunn och méi Feeler gemaach. Domat kann een op d'mannst fir dës Aufgaben dovun ausgoen, dass Mann a Fra d'selwecht gutt si wat de Multitasking ugeet.

Keng Ënnerscheeder festgestallt

Ma trotzdeem stellt sech d'Fro, wéi et ka sinn, dass esou vill Etüden dann de Géigendeel behaapten. De Fuerscher no ass et esou, dass sech d'Aufgabe fir d'Experimenter dacks staark ënnerscheeden. Et kann also sinn, dass bei aneren Aufgaben, wou z.B. aner Beräicher vum Gehir gefuerdert ginn, den Ënnerscheed tëscht Mann a Fra erëm vill méi grouss ass. Ma am Resumé kann ee soen, dass d'Resultat vun dëser Analys keng Conclusioun zouléisst, déi en Ënnerscheed tëscht Mann a Fra a Saache Multitasking beweist.