FussballféiwerWéi wierkt sech d'Fussballkucken op d'Häerz aus?

Am Fussballstadion kachen d'Emotiounen héich an et gëtt een als fanatesche Fan alles. Ma ass dat Ganzt iwwerhaapt gutt fir eis Gesondheet?

20.08.2019, 06:00:47

© pexels.com

Beim Fussball gëtt gejubelt, gekrasch a sech weekends d'Stëmm aus dem Kierper gebrëllt. Enger Etüd no ass de Stadion-Besuch souguer gesond - dat awer net bei all Resultat.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Wëssenschaftler hu sech an England beim Veräin Leeds United 25 Fussballfans geholl an d'Häerzfrequenz, de Bluttdrock an d'Stëmmungslag wärend de Matcher beobacht. D'Leit waren tëscht 20 an 62 Joer al an hate wärend de Matcher eng Häerzfrequenz, déi 64 Prozent iwwer dem Duerchschnëtt louch. Dat kléngt extrem vill, mee de Wëssenschaftler no ass dat "positive Stress", deen engem Häerz-Kreeslaf-Training wéi bei engem 90 Minutte laange Spadséiergang a strammem Tempo entsprécht.

Haaptsächlech bei de Goaler spréngt d'Häerzfrequenz am meeschten an d'Luucht an zwar net nëmme beim Jubel, mee och an deem klenge Schockmoment, wann de Géigner trëfft. Bei enger Victoire vun der eegener Equipe konnten d'Wëssenschaftler festhalen, dass een nom Match e méi niddrege Bluttdrock huet, wat de Risk vun engem Häerzinfarkt an engem Schlag miniméiert. Huet een awer um Spilldag verluer, entsti kleng Angschtgefiller bei de Fans an de Bluttdrock ass fir Stonne méi héich wéi soss.



Der Etüd no kann ee festhalen, dass wann d'Spiller um Terrain 90 Minutte Fussball spillen a gewannen, d'Fans méi wéi e ganzen Dag en Häerz-Kreeslaf-Training op sech huelen. Den Erfolleg vun der Ekipp kann a soll also euphoresch gefeiert ginn, eng Nidderlag sollt engem awer net ze laang an der Nuque sëtzen, well et éischtens net gutt fir de Kierper ass an zweetens fir Deeg un der Laun kraazt.