LaangzäitetüdApel an Téi besonnesch fir Fëmmerte vu Virdeel?

Wie fëmmt oder gäre mol een drénkt, dee kann op anerem Wee eppes fir seng Gesondheet maachen - genuch Äppel iessen a vill Téi drénken.

Leschten Update: 22.08.2019, 10:50:01

© Unsplash

Fëmmen ass net gesond an och beim Alkohol sollt een net iwwerdreiwen – domat zielen ech iech näischt Neies. Ma wien awer mol eng fëmmt oder e Mini drénkt, dee kann op anerem Wee eppes fir seng Gesondheet maachen. Sport ass natierlech och eng Optioun, ma Fuerscher no soll den Duo Apel-Téi hei ganz hëllefräich sinn.

An Apel an Téi sinn déi sougenannte Flavonoiden ze fannen. ganz einfach gesot sinn dëst waasserléislech Planzestoffer, déi eng Partie Funktioune vun de Planzen erfëllen: Si schützen d'Planze virun Insekten, funktionéieren als UV-Schutz a bestëmmen d'Faarf vun de Bléien. Ma och fir eis Mënsche kënnen dës Flavonoiden nëtzlech a virun allem gutt fir d'Gesondheet sinn. Si kënnen Infektioun ofwieren, beim Ofhuelen hëllefen an eisen Immunsystem stäerken. Eng rezent Etüd vun enger australescher an dänescher Uni wëll elo e weidere positiven Effekt entdeckt hunn.

Liewensmëttel mat Flavonoiden dra sollen d'Wahrscheinlechkeet u Kriibs oder enger Häerzerkrankung ze erkranke reduzéieren. D'Fuerscher-Team huet heivir d'Date vun enger Laangzäitetüd analyséiert, déi d'Iessgewunnechte vu méi wéi 56.000 Persounen ënnersicht huet. Dës Informatioune goufe mat de Stierffäll bannent der Grupp ofgeglach. Hunn d'Testpersounen Iesse mat engem groussen Undeel u Flavonoiden zou sech geholl, ware si éischter viru schwéieren Erkrankunge geschützt. Déi beschte Resultater goufe bei Fëmmerten a Persounen, déi méi dacks Alkohol consomméieren, festgestallt.

Deemno soll d'Iesse vun esou Liewensmëttel besonnesch an dëse Risikogruppe gefërdert ginn. 500 Gramm Flavonoiden den Dag ginn duer, domat de Risiko fir Kriibs- an Häerzerkrankungen niddreg bleift. Nieft Apel an Téi kann dat och mat enger Orange, Tomat oder Aprikos, Soja oder Zwiwwelen oder 100 Gramm Molbieren erreecht ginn – d'Substanz ass a méi Liewensmëttel ze fannen, wéi ee vläicht unhuele géif. Wichteg hei: Dat bescht, wat ee fir seng Gesondheet ka maachen, ass weder ze fëmmen nach vill Alkohol ze drénken. Wann engem d'Ophale schwéier fält, soll de Konsum vu Flavonoiden hëllefen, e Wonnermëttel sinn se awer net.