Life of Bryan - RéckbléckGinn Events wéi d'Gamescom iwwerflësseg?

D'Gamescom feiert seng 10 Joer. Wie vun Ufank un dobäi ass weess, dass dat gréisste Games-Event vun der Welt net ëmmer d’selwecht ausgesinn huet.

Leschten Update: 22.08.2019, 17:16:18

© YouTube Screenshot

D'Gamescom stoung fir mech ëmmer als symboleschen Ofschloss fir all déi gréisser Ukënnegungen am Joer. Et war de Follow-Up fir d’E3 zu Los Angeles, op där d'Entwéckler hir Spiller a Produiten net nëmmen der Press, mee och dem Public konnten demonstréieren. D'Gaming-Branche huet d'Konferenze genotzt, fir sech direkt un hir Consommateuren ze adresséieren.



Dass d'Zäiten sech änneren, huet sech dëst Joer awer kloer gewisen. D’Gamescom 2019, d'selwecht wei d’E3 méi fréi dëst Joer, waren iwwerraschend eidel a Punkto grouss Annoncen. Bis op Death Stranding a villäicht Need For Speed: Heat hat déi kollektiv Konferenz a Form vu One-Night-Live gréisstendeels nëmme méi kleng Produktiounen ze presentéieren.

Dat läit natierlech dorunner, dass mer um Enn vun eiser Konsolen-Generatioun leien: Publisher hale sech hir grouss Projete fir di nei Generatioun an orientéiere sech un der wuessender Popularitéit vu méi klenge Produktiounen. Mee dorunner eleng hänkt et mengen ech awer och net ganz. Iwwert d’Joren huet sech vill an der Industrie geännert, am meeschte wuel am Departement vun der digitaler Distributioun.

Awer och
wéi Entwéckler mat hirer Community interagéieren ass anescht. Plattforme wéi YouTube an Twitch, séieren Internet a gutt Video-Qualitéit bidden eng direkt Connectioun tëscht der Industrie an dem Consommateur, déi et virdrun net gouf. Kollektiv Events, organiséiert Presentatiounen a grouss Stänn sinn iwwer d’Joren ëmmer méi zu enger deierer Investitioun ginn, déi net méi onbedéngt muss sinn.

Et ass méi einfach a méi bëlleg, fir déi eenzel Publisher hir Events eleng ze organiséieren. Dass ëmmer méi vun de gréissere Publisher wéi Sony, Nintendo a Microsoft hir eege Streams a Presentatiounen organiséiere sinn éischt Zeeche vu aneren Zäiten an Events wéi d’Gamescom an d’E3 musse méiglecherweis mat neien Iddie kommen, fir an Zukunft relevant ze bleiwen.

Lauschtert Iech hei de Reportage un