#blackfoodWéi gesond ass dat schwaarzt Iessen?

Schwaarze Burger, schwaarz Glace a schwaarze Croissant... Wat huet et mam schwaarzen Iessen op sech a wéi gesond ass et?

22.08.2019, 12:10:50

© Eldoradio

Verschiddener gi mam Trend mat, anerer net. D'Iesse gëtt ëmmer méi fotograféiert an an de sozialen Netzwierker eropgelueden. Viru Méint war et nach normaalt Iessen, mee dat gëtt jo langweileg - nei ass elo schwaarzt Iessen. Fir d’Fotoen ass et mol eppes aneres wat d’Opmierksamkeet op sech hëlt, mee et gesäit weder appetitlech aus, nach ass et gesond.





Fir d’Faarf vum schwaarzen Iesse suergt d’Aktiv-Kuel oder och E153 genannt. Haaptsächlech aus der Kosmetik an de Medikamenter kenne mir d’Aktiv-Kuel a wéi se entsteet kléngt schonn net sou, wéi wann et fir d’Iesse gemaach wier. Aktiv-Kuel kënnt duerch d’Erhëtze vun Holz, mee ass och an der Loft vu spezielle Laboen enthalen. Eigentlech huet de Stoff e gudde Ruff a soll géint den Hangover an den Jetlag hëllefen, mee gesond ass e net fir eis.

Ernierungswëssenschaftler gesinn den Trend relativ kritesch. An der Medezin fënnt een d’Aktiv-Kuel haaptsächlech fir d’Banne vun de Gëfter. De Problem vun dëser Eegenschaft ass, dass d’Aktiv-Kuel net ënnerscheet, wéi eng Stoffer sech un et bannen. Dat féiert dozou, datt d'Aktiv-Kuel wäertvoll Nährstoffer eis souzesoe klaut. Suitte dovun: Vitamin- a Mineralstoff-Mangel, genee esou wéi Verstopfung.





Fir déi vun iech, déi et nëmmen eng Kéier probéiere wëllen ass et natierlech net de Fall, dass der eng Woch net méi op d’Toilette kënnt. Iesst der awer zum Beispill all Woch e schwaarze Burger, drénkt dobäi e schwaarze Cocktail an hat moies fréi schonn e schwaarze Croissant, musst der mat dëser Konsequenz rechnen. Also, maacht am grousse Ganze mol manner Fotoe vum Iessen a genéisst et. Wann der op Instagram nach net alt ze dacks den Hashtag #blackfood benotzt hutt, ass alles nach am grénge Beräich.

Lauschtert hei de ganze Reportage: