iPhone 11, iPad Pro + nei SoftwareDat stellt Apple am Hierscht vir

An e puer Wochen presentéiert Apple den iPhone 11. Erwaart ginn 3 Modeller. Doriwwer eraus kéinten och en iPad-Modell an ee MacBook Pro virgestallt ginn.

Leschten Update: 21.08.2019, 17:05:02

© Brittany Hosea-Small / AFP

Insider no soll den iPhone 11 mat enger Triple-Kamera equipéiert sinn.  Et wier di éischte Kéier, dass een iPhone dëse Kamera-System kritt. Erwaart gëtt och een iPhone 11 Pro, deen als Premium-Variant ee Stëft soll kréien.  Een Apple Pencil gëtt et jo scho fir den iPad.

Di 2 Top-Modeller vun der iPhone11-Generatioun sollen een 6,1 an ee 6,5 Zoll groussen OLED-Display hunn, ee weidere méi gënschtege Modell soll een LCD-Display kréien.

A Propos Präis: den iPhone 11 soll vun 900 Euro un ze kréie sinn an jee no Späicherkapassitéit am Präis erop goen.  Dee méi bëllegen iPhone 11R kéint 675 Euro kaschten. Domat wieren di nei Modeller e bësse méi gënschteg wéi d’Virgänger.

Fir den Hierscht gëtt och mat neien iPad-Modeller gerechent. Den Tablet soll mat enger Triple-Kamera equipéiert ginn. Réng optesch dierft sech awer soss kaum eppes änneren. Mam Software-System iPadOS soll den iPad awer säin eegene Betribssystem kréien.

Apple kéint am September och een neie MacBook Pro virstellen. Insider no soll den Notebook een 16-Zoll-Display kréien a mat LCD-Technologie equipéiert sinn. Erwaart gëtt ee Startpräis vun 2000 Euro.

iPhone an iPad-User kënne sech och op een Dark Mode freeën, deen d’User optional astelle kënnen. Speziell an der Nuecht schount sou een Donkelmodus d‘An beim Benotze vum Smartphone.

Deen neie Betribssystem IOS13 ass och méi séier an e reagéiert besser. D’Starten vu Apps gëtt verbessert, App-Downloads an Softwareupdaten sollen däitlech manner Plaz anhuelen.

Presentéiert gëtt deen neien iPhone den 10. September op der traditioneller Apple-Keynote, den 20. September kéint d’Gerät dann op de Maart kommen.