SMS, Whatsapp a Co.Méi Emojis féieren zu méi Sex

Déi kléng Billercher hëllefen engem fir méi schnell eng Verbindung zu enger friemer Persoun op ze bauen.

22.08.2019, 04:30:16

© Pexels

Déi mannste Leit benotzen an hire Message keng Emojis. Déi eng benotzen der manner, déi aner méi. De Grond wisou dat verschidden ass, ass vu Mënsch zu Mënsch aanescht.

Ma wat een awer elo mol ka behaapten ass, dass Leit déi an hire Noriichten méi Emojis benotzen, eng besser Chance hunn en Date ze ergatteren a méi Sex ze hunn wéi déi Persounen déi et net maachen, sou jiddefalls enger Etüd no vum Kinsey Institut vu Bloomingten, Indiana an den USA.

Ganzer 5600 Singele sinn dofir befrot ginn. Fir genau ze sinn, sinn 2 Etüde gemaach ginn. Während déi eng den Zesummenhang tëscht villen Emojis an heefegen Dates hiergestallt huet, huet déi aner en Zesummenhang hiergestallt tëscht Emoji Muffel a wéinegen Dates. Dozou kënnt dass en der Etüd eng Korrelatioun tëscht dem Emoji-Gebrauch a ville Sexualpartner erausfonnt huet.

Et kann een also soen dass Mënschen déi vill Emojis benotze méi schnell eng Verbindung zu enger friemer Persoun opbauen. Dat läit dorun dass déi kleng Billercher wichteg emotional Informatioune matdeelen déi essentiell sinn fir eng eventuell sexuell Verbindung op ze bauen. D'Emojien iwwerhuelen an de Message nämlech e bëssen d'Roll vun eiser Mimik a Gestik déi mer och hunn wann mer mat enger Persoun schwätzen.

D'Leit doe sech schwéier fir mat enger Persoun eng Verbindung op ze bauen, déi mat engem einfach an dréchenen Text kommunizéiere, well esou wichteg emotional Message net matgedeelt ginn.

Also maacht an Zukunft mol iwwert SMS, Whatsapp oder Tinder einfach e puer Smileyen méi an är Messagen. Villäicht gëtt et jo da méi schnell mam kenneléieren.

Lauschtert eran