Bipolar StéierungenProvozéiert schlecht Loft Depressiounen?

Virun allem Groussstied wéi LA, Tokio oder Nei-Delhi hu Joer fir Joer mam nämmlechte Problem ze kämpfen - schlecht Loft.

Leschten Update: 22.08.2019, 16:08:55

Smog iwwer Mexiko. © Jose CASTANARES / AFP

D'Loftverschmotzung ass op ville Plaze ronderëm d'Welt e Problem, deen ëmmer méi extrem gëtt. D'Zuele sinn erschreckend: Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no liewe mëttlerweil 91 Prozent vun de Mënsche weltwäit a Regiounen, wou d'Loftqualitéit schlecht ass. Donieft sinn et 4,2 Milliounen, déi all Joer un de Suitte vu schlechter Loft stierwen. Déi direkt Suitten dovunner si bekannt: Et kritt ee schlecht Loft a kann och mat Häerzproblemer geplot sinn.

Lauschtert eran!


Fuerscher aus den USA an aus Dänemark wëllen erausfonnt hunn, datt Ofgaser, rénge Stëbs an héich Ozonwäerter negativ Effekter op eis geeschtlech Gesondheet kënnen hunn. Fir d'Etüd sinn 152 Millioune Mënschen aus den USA an aus Dänemark ënnersicht ginn. Resultat: Persounen, déi a Géigende wunnen, wou d'Loftqualitéit net déi beschten ass, hu méi dacks psychesch Erkrankungen.

Besonnesch ausgepräägt ass dëst, wann déi Betraffe schonn a jonkem Alter mat schlecht Loft konfrontéiert waren. D'Daten aus Dänemark weisen, datt hei d'Wahrscheinlechkeet eng Depressioun ze entwéckelen ëm 50 Prozent méi grouss war. Bei Perséinlechkeetsstéierunge gouf e Risiko vun 162, bei Schizophrenie vun 148 Prozent festgestallt. En Zesummenhang ass also do, mee déi konkret Ursaach konnt bis ewell net erausfonnt ginn, esou ee vun den US-Fuerscher

Datt Loftverschmotzung also eng vun den zentralen Ursaache vu psycheschen Erkrankungen ass, gouf domat net gesot. Logesch kléngt et, well schlecht Loft scho bei Versich mat Déiere gewisen huet, wéi d'Nerve geschiedegt an Entzündungen am Gehir ausgeléist goufen – dat huet sech da mat depressive Symptomer gewisen. Deemno kënnen d'Partikel vum Mënsch ageotemt an dann iwwert d'Blutt an d'Gehir wanderen, wou si schliisslech psychesch Erkrankungen ausléist.