EtüdFuerscher fannen eraus, firwat mir am Alter méi déck ginn

Vill Leit huele mam Alter méi séier zou. Schwedesch Fuerscher hunn elo eng méiglech Erklärung fonnt, firwat dat esou ass.

Leschten Update: 15.09.2019, 09:03:09

© Michal Jarmoluk / Pixabay

Vill Leit huele mam Alter méi séier zou. Schwedesch Fuerscher hunn elo eng méiglech Erklärung fonnt, firwat dat esou ass.

Wa mir méi al ginn, gëtt eise Fett-Stoffwiessel méi lues a gespäichert Fett gëtt méi lues ofgebaut, esou d'Fuerscher am Magasinn Nature Medicine.Dëst kéint ee Grond sinn, firwat Mënschen am Alter méi zouhuelen, och wa si net méi iessen oder manner Sport maachen. 

D'Fuerscher hu bei hire 54 Participante festgestallt, datt de Fett-Ofbau mam Alter méi lues gëtt, onofhängeg dovunner, ob eng Persoun am Laf vum Liewe bäigeholl huet, hir Gewiicht gehalen oder ofgeholl huet. 

D'Resultater vun de schwedesche Fuerscher si wéinst der klenger Unzuel u Participanten nach keng definitiv Äntwert op d'Fro, liwweren awer schonn eng méiglech Hypotheese.