FuerschungBëschgeräischer entspane méi wéi Meditéieren

Gidd dir heiansdo an de Bësch spadséieren oder lauschtert dir mol eng CD mat Bëschgeräischer? Duerch Bëschgeräischer fille mir eis 30% méi entspant.

Leschten Update: 16.09.2019, 14:32:52

© pexels.com

An de Bësch goen, déi frësch Loft anzeootmen an d’Natur bewonneren, dat deet gutt. Fir ze entspane geet et awer wuel schonn duer just Bëschgeräischer ze héieren. Dat geet aus enger Etüd ervir, déi di britesch Naturschutzorganisatioun „National Trust“ an Optrag ginn huet.

An engem Experiment krute 600 Testpersoune jeeweils eng Minutt laang dräi verschidde Soundtracks ze lauschteren. Den éischte Sound waren duuss Geräischer aus dem Bësch wéi z.B. Bliedergeraschels, d’Waasser am Floss a Vugel-Gezwitscher. Den zweete Soundtrack war eng Fraestëmm déi eng Meditatioun ugeleet huet, a beim drëtte Sound war et extrem roueg, et huet een sou gutt wéi näischt héieren.



Nom Lauschtere vun de Sounds hunn d’Testpersoune missen hire Level vun der Entspanung, vum Stress a vun hirer Angscht astufen. Dobäi koum eraus dass sech d'Testpersounen duerch d'Bëschgeräischer ëm 30 Prozent manner gestresst gefillt hunn, wéi virum Experiment. An och d’Stress- an d‘Angschtwäerter sinn erofgaangen. Bei der Stressreduzéierung war allerdéngs d’Meditéieren e bësse méi erfollegräich.

Den Experten no kéint dat dorunner leien, dass Mënschen am Laf vun hirer Entwécklung meeschtens am Bësch gelieft hunn, awer och domat, dass mir kulturell gepräägt, Natur mat Entspanung verbannen. Den Experten no kéint awer net all Problem geléist ginn, andeems een einfach eraus an de Bësch spadséiere ginn.

Bëschgeräischer als effektiv Entspanungsmethod ze benotzen ass a Japan scho längst Traditioun. Doktere schécke gestresste Mënschen aus de Groussstied an de Bësch fir ze therapéieren. A bei ville Leit huet et well gehollef. Op Unie kann ee souguer Bëschmedizin studéieren.