Panik ronderëm iPhone 11Trypophobie - d'Angscht viru klenge Lächer

Den neien iPhone huet eng Well u Memes ausgeléist - d'sozial Plattforme si voll dovunner, mee wat stécht dohannert?

Leschten Update: 16.09.2019, 18:37:25

© Unsplash

Den Hype ronderëm den neien iPhone, deen all Rentrée presentéiert gëtt, schéngt net ofzehuelen. Den Internet, ma virun allem all eenzel Social-Media-Plattform war voll mat Videoen, Fotoen a virun allem Memes!

Memes vu Kameralënsen, déi 20 Mol niewent enee placéiert goufen, Memes vu klenge Lächer, déi bei ville Leit Panik, Iwwelzegkeet a virun allem Eekel provozéieren. Wat stécht hannert der ganzer Opreegung? Huet Apple sech e Fauxpas erlaabt? Ass eppes schif gaangen?

Nee, bei der Produktioun vum neie Produit ass wuel alles no Plang verlaf. Ma wann awer och iech beim Ubléck vum iPhone 11 schlecht gëtt, geet et iech wéi dem ganzen Netz: Dir leit ënnert Tryphophobie, der Angscht virun enger Usammlung onreegelméisseg placéierter klenger Lächer. Wéi Leit dës Stéierung wouerhuelen? Eist Catherine aus dem Eldo-Nomëtteg erkläert et esou:

D'Catherine aus dem Eldo-Nomëtteg:

Datt méi Mënschen ënnert dëser Stéierung leiden, beweist den Hashtag #trypophobia op de sozialen Netzwierker: Twitter, Instagram a Facebook, et kënnt een net laanscht d'Memes, déi weisen, wéi d'Leit sech beim Ubléck vum iPhone 11 fillen: Vu Schweessausbréch iwwert Montagë vum zukünftegen iPhone 15, dee mat gefillten 100 Kameralënsen equipéiert ass.









Ma vu wou kënnt dës – fir vill Leit – irrational Angscht viru klenge Lächer? Fuerscher aus Groussbritannien vertrieden d'Thees, datt d'Lächer eist Gehir u Muster vu bestëmmte geféierlechen Hautkrankheeten erënneren. Dat Visuellt kéint deemno e Warnsignal un d'Gehir weiderginn. Falls dir net dovunner betraff sidd, mee iech awer schlecht gëtt, wann der am Buttek stitt: Dat kéint an deem Fall op um Präis vum neien iPhone leien...

Lauschtert eran!