KinoFilmer, déi nach dëst Joer an de Kino kommen

D'Joer 2019 ass nach net eriwwer. Et kommen nämlech och nach eng Rei ganz interessant Filmer eraus.

17.09.2019, 08:00:18

© Unsplash

Rambo 5 - Last Blood

Bis zum Schluss vun dësem Joer kommen nach eng ganz Rei Filmer eraus déi villverspriechend sinn. Sou kënne sech alleguerten d'Rambo Fans freeën, well  Rambo 5 - Last Blood, kënnt de 25. Oktober hei zu Lëtzebuerg an de Kino.

Et ass de 5. Deel an doran gëtt den John Rambo, dee vum Sylvester Stallone gespillt gëtt gewuer, dass d'Gabriella, d'Meedche vu senger Haushälterin vu Mënschenhändler entféiert gouf an zur Prostitutioun gezwonge gëtt.



Joker

De Bandit, deen ënnert dem Numm Joker, an als Horror-Clown an den DC Comics opgedaucht ass, kritt een eegene Film.

Den 10. Oktober 2019 kënnt de Film hei an d'Kinoen.

Gespillt, gëtt de Clown hei vum ''Joacquin Pheonix'' deen z.B. am Film Gladiator zesumme mam Russel Crowe konnt iwwerzeegen.

Am Film gëtt d'Story erzielt, wéi aus dem Arthur Fleck, den Horrorclown Joker ginn ass.



Frozen 2

An d'Frozen Fans dierfe sech och freeën, well den 20. November kritt och dëse Film en 2. Deel.

Anna, d'Elsa, Kristoff an den Olaf maachen sech op de Wee fir en uraalt Geheimnis iwwert hiert Kinnekräich Arendelle erauszefannen.



Star Wars - The Rise Of Skywalker

Star Wars Episode 9 – The Rise of Skywalker kënnt den 18. Dezember an de Kino.

Et ass deen drëtten a leschten Deel vun der Sequel Triologie.

Aktuell sinn nach relativ wéineg Detailer iwwert d'Handlung bekannt, grad well ''Star waars 8'' vill Fans mat engem grousse Fragezeichen zeréckgelooss.




Lauschtert eran