"Eklat", "grotesk", "Chaos"International Reaktiounen op d'Visitt vum Johnson

De britesche Premier war e Méindeg zu Lëtzebuerg - eng gemeinsam Stellungnam mam Xavier Bettel war geplangt, ma de Boris Johnson war op eemol verschwonnen.

Leschten Update: 17.09.2019, 12:55:34

© Eldoradio

D'Entrevue tëscht dem Xavier Bettel a Boris Johnson war wuel ee vun de groussen Highlighte fir Lëtzebuerg op politeschem Niveau. Seelen hu mir eng Perséinlechkeet am Land, iwwert déi esou vill geschwat a geschriwwe gëtt, wéi iwwert de britesche Premier. Ma no senger Visitt bei eis huet hien nach een dropgesat: En huet et wéi dee beschte Kolleg gemaach, mat deem een de ganzen Owend um Tour ass, an deen duerno einfach verschwënnt. Aus dem "polneschen Abgang" gouf e "briteschen Abgang" - an dat huet eng Well u Reaktiounen, Kritik a Memes ausgeléist.



Den Titel vum Artikel op deutschlandfunk.de hätt net besser kënne passen: "Ein Moment für Europas Geschichtsbücher" - bericht gëtt vun enger "Empörung", engem reegelrechten "Eklat" an enger "grotesker Situatioun". Genee dësen "Eklat" ass bei ville bekannten Noriichteportaler ze liesen. Den däitsche Stern schreift: "Et war definitiv keen Heemspill fir de Boris Johnson", de Premier gouf vun enger Partie Demonstranten net op déi ganz fein britesch Aart a Weis begréisst – dat war och de Grond, wisou hie fir d'Pressekonferenz op eemol verschwonne war.









Natierlech hunn d'Reaktioune vun de britesche Kollegen op den Optrëtt vun hirem Premier net laang op sech waarde gelooss. Beim Guardian ass vun enger "chaotescher Visitt zu Lëtzebuerg" ze liesen an datt eise Premier, de Xavier Bettel, kee Blat virun de Mond geholl huet, fir den Ofgang vum Johnson ze beschreiwen. Ma net just d'Press, souguer héichrangeg Politiker wéi de Guy Verhofstadt, Chef vun de Brexit-Verhandlungen am Europaparlament, huet eng Foto vum Xavier Bettel eleng um Podium getweet: