Musek & SproochMat Rammstein-Texter Däitsch léieren!

Eng finnesch Universitéit bitt Däitsch-Coursen un, an deene mat Rammstein-Texter geschafft gëtt.

17.09.2019, 16:00:44

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Et gi vill Grënn, firwat een eng nei Sprooch léiere wëll. Déi nei Frëndin, eng Rees oder einfach aus Interessi. Eventuell awer och, fir d’Texter vun der Liiblingsband ze verstoen. Op alle Fall wann d’Liiblingsband Rammstein ass. An enger Etüd hu vill Amerikaner gesot, datt si virun allem Däitsch wëlle léieren, fir d’Texter vu Rammstein ze verstoen. An och op der Uni zu Kerava a Finnland war dat de Fall. D’Professesch Milla Löfmann huet nämlech uginn, datt bal an all Däitschcours Studente sëtzen, déi onbedéngt wëlle wëssen, wat de Rammstein-Sänger Till Lindemann dann do genee sengt.

View this post on Instagram

Rammstein – Radio #rammstein #rammsteinradio #radio

A post shared by Rammstein (@rammsteinofficial) on



Viru kuerzem huet d’Uni zu Kerava dorop reagéiert. Si bidden elo e Sproochecours un, an deem ee mat Hëllef vu Rammstein-Texter Däitsch léiere kann. Virkenntnesser brauch ee keng. D’Iddi schéngt Succès gehat ze hunn, déi 25 Plaze fir de Rammstein-Däitsch-Cours ware bannent enger Woch ausgebucht. D’Milla Löfmann, déi de Cours och leede wäert, sot, datt d’Iddi längst iwwerfälleg gewiescht wier. Wann ee mat Texter a Musek schaffe géif, wier et méi wahrscheinlech, datt ee Saache verhält, virun allem wann et ëm d’Aussprooch geet.

An noer Zukunft wëll d’Uni zu Kerava och e Cours fir Leit ubidden, déi hir Sproochekenntnesser scho verbessere konnten.