No "IT: Chapter 2"Dës Horrorfilmer musst dir gesinn hunn

Fir dass ären nächsten Horrorfilm-Owend mat Kollege säin Zweck erfëllt, braucht dir natierlech och genuch Grujel-Material...

Leschten Update: 17.09.2019, 15:22:42

© YouTube Screenshot

D’Erwaardunge ware grouss, elo ass "It - Chapter Two" endlech dobaussen. D'Kritiker gesinn de Film zwar net ganz op enger Héicht mam éischten Deel, virun allem harmonéiere Story, Schauspiller an den Horror-Aspekt net esou gutt wéi beim gefeierte Virgänger. Trotzdeem steet um Enn en iwwerduerchschnëttlechen Horrorfilm, an dat ass an der Branche schonn net schlecht.

Sidd dir elo richteg op den Horror-Gôut komm? Gutt dass déi leschte Joerzéngte genuch héichqualitativ Horrorfilmer ervirbruecht hunn.

Och wann d’Effekter fréier nach net esou realistesch waren an alles e bësse méi lues a manner hektesch viru geet, ginn et e puer Horror-Klassiker, un deenen een net laanscht kënnt.

„Texas Chainsaw Massacre“ ass esou een. 1974 erauskomm, geet et em e Roadtrip am US-Bundesstaat Texas, dee relativ séier d’Baach erofgeet. Dat wéinst e puer verréckten Hillbillys, déi mat Ketteseeën equipéiert sinn. Brutal mee richteg gutt gemaach, also dat wat modern Splasher einfach net hikréien.

Vun „The Exorcist“ huet scho jiddwereen héieren, et sollt awer och all Horror-Fan en eng Kéier gesinn hunn. Am Mëttelpunkt steet e kléngt Meedchen, dat vum Däiwel héchstperséinlech besiess ass. Alles gëtt niddergemetzelt, an et fléie relativ vill Miwwelen duerch d’Géigend. D’Spannung ass permanent gräifbar.

Oder dir kuckt „The Shining“. Dëst erzielerescht Meeschterwierk vum Stanley Kubrick spillt an engem eidelen Hotel. Eng Famill hält dat awer net vun der Vakanz of. Dat sollt e grousse Feeler sinn. De Jong kritt Visiounen an de Papp wëll op eemol seng Famill ëmbréngen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Da feelt natierlech nach de Kult-Schocker aus de 60er: „Psycho“ vum Alfred Hitchcock. De Film lieft mëttlerweil zwar just nach vun deem Kult-Charakter, mee de ganzen Horror-Genre baséiert op deem Film.

Mee och hautdesdaags ginn et nach gutt ëmgesaten Iddien am Horror-Genre. „Us“ zum Beispill. Eng Famill begéint enger anerer Famill, déi genau sou ausgesäit wéi si. Nëmmen dass déi natierlech net esou frëndlech drop ass.

An och leschte Summer si vill gutt Horror-Filmer erauskomm. Wéi eng dat sinn? Dat liest dir hei!