Kanner & ErwuessenerNet ouni mäin Teddy

Et kéint ee jo mengen dass de Petzi am Laf vum Alter géing verschwannen. Enger Ëmfro no stëmmt dat awer net esou ganz.

17.09.2019, 17:00:21

© Pexels

Am Liewe vum Mënsch gesäit et esou aus, dass een als Kand sech ganz gär un en Teddy gewinnt mat deem een duerch deck an dënn geet. Dat gehéiert einfach zum Kand sinn dozou.

No enger Zäit, wann ee méi al gëtt, sou am Teenie Alter, gëtt den Teddy oft an de Schaf gestallt wou an den zum Stëpsfänkert gëtt a spéider dann och an iergend enger Këscht lant. Wann dann awer bemol am Alter d'Nostalgie een ze pake kritt, dann hëlt och mol gär de Rocker deen am Haus niewendru Wunnt den Teddy eraus fir eng ronn ze schmusen. Sou oder esou ähnlech sinn d'Resultater vun enger Ëmfro.

Erstaunlech vill Mënschen iwwer 20 Joer hänken nach un hirem Petzi. Eng Britesch Hotel-Chaine huet nämlech 6000 Leit gefrot wéi hiert Verhältnis zum Teddy ass. Erstaunlech ass, dass iwwert Halschent vun de gefrote Leit sech nach net vun hirem Stoftdéier getrennt hunn, e véierels huet uginn dëse souguer nach mat op Geschäftsrees ze huelen an en Drëttel schmuust nach ëmmer mam Teddy.



Psychologe sinn iwwert déi Resultater awer net iwwerrascht. Eng Persoun, déi ausserhalb dem Jugendalter nach mam Stoftdéier kuschelt, ass net mann räif mee oft einfach méi Sensibel an hunn och oft als Kand scho vill méi fréi misste Selbststänneg ginn. Dëst Mënsche seene sech am Alter ëmsou méi sech einfach kënne falen ze loossen.

Wann der also bemol gesitt dass en dichtege Business Mann mat sengem Petzi duerch d'Hotel Lobby leeft, da maacht w.e.g keng blöd Witzer domat oder mat engem deen nach owes mam Teddy schmuust. Well wann der de Film ''TED'' gesinn hutt, da wësst der wat een alles mat sou engem Teddy erliewe kann.

Lauschtert eran