Proffen am Lycée5 Typpen, déi jidderee kennt

Proffe loosse sech a verschidde Kategorië klasséieren: No Fach, no Alter, awer och no Typ!

18.09.2019, 07:00:39

© Pixabay

Wann een no der Vakanz an der Lycée komm ass, waren déi spannendst Minutte vun der Rentrée ëmmer, wann de Régent engem opgezielt huet, wéi eng Proffen een d'Joer iwwer an den eenzelne Fächer kritt. An ënnert dem Léierpersonal kann een tëscht verschiddenen Typpen ënnerscheeden:

Den Tyrann

Bei dëser Zort Proff huet ee besser seng Hausaufgaben net ze vergiessen. Elleng seng Präsenz suergt dofir, dass et an der Klass roueg ass. Tonnen ze léieren, schwéier Prüfungen a reegelméisseg Blitzen... Dat sinn dem Tyrann seng Markenzeechen.

 

De Kumpel-Typ

Dëse Proff ass der Meenung, dass een am beschten duerch d’Joer kënnt, wann ee sech mat senge Schüler gutt hält. VTT’e gi net esou genee geholl, den Ëmgangstoun ass kollegial, reegelméisseg gëtt e Film gekuckt an am Summer plënnert de Cours gäre mol eraus an d’Sonn. Bei de Schüler immens beléift also.

 

D’Schlofpëll

Esou een hate mir bestëmmt all. An engem onintressante Fach ass et ëmsou schlëmmer. Markenzeechen: Eng monoton, lues Stëmm an eng Powerpoint-Presentatioun, géigeniwwer där esouguer de Fleck op der Heizung méi interessant ass.

 

Den Iwwermotivéierten

Meeschtens frësch vun der Uni an zum Deel knapps méi al wéi d’Schüler. Dëse Proff setzt op déi allerneiste Pädagogik-Etüden a mengt, seng Schüler ganz genee ze kennen. Overhead a Beamer sinn out! Hei kënnt just déi neisten Technik zum Asaz.

 

Den Ech-waarden-op-meng-Pensioun-Typ

Dës Zort Proff ass meeschtens méi al. Dacks am Kostüm oder am Polo-Hiem. An d’Klass kënnt hie meeschtens mat eidelen Hänn, e Bic wann et gutt geet. Hien ass schonn esoulaang dobäi, dass hien de Cours auswenneg kann a näischt méi ze preparéieren huet. D'Loscht ass iergendwann virun 10 Joer verluer gaang a wann hien een Dag guer kee Bock huet, gëtt eben um Pult Zeitung gelies.