VerkéiersmëttelWéi eng Méiglechkeeten huet een zu Lëtzebuerg?

Auto, Bus, Tram, Bunn, Vëlo, Funiculaire, zu Fouss, eleng, zesummen, gelount, elektresch – zu Lëtzebuerg ass a Saache Mobilitéit villes méiglech.

Leschten Update: 15.10.2019, 16:37:43

© Eldoradio

Zu Fouss op de Busarrêt, mam Bus op d'Gare, vun der Gare aus d'Trottinette bis bei den Tram an dann um Kierchbierg de Vëlo bis op d'Aarbechtsplaz. Et kléngt komplizéiert, ass awer u sech an der Tëschenzäit méiglech. An de Gros dovu kann een esouguer iwwer déi nei Mobilitéits-App plangen, verbannen an an Echtzäit präislech, zäitlech an ökologesch ausrechne loossen. Et ginn also vill Méiglechkeete fir sech zu Lëtzebuerg fortzebeweegen an u verschiddener denkt een dacks net.

Un der Multimodalitéit féiert kee Wee laanscht

Zanter laangem ass kloer, dass mir eis ëmmer méi dovu mussen distanzéieren doheem an den Auto ze klammen an dann e puer Minutten drop nëmmen e puer Meter vum Zil ewech ze parken. De Mobilitéitsminister François Bausch huet et an der Tëschenzäit och schonn dacks betount: Et muss en Zesummespill tëscht verschiddene Méiglechkeete sinn.

Ma wat gëtt et eigentlech alles u Mobilitéitsofferen zu Lëtzebuerg?

Den Auto, den Zuch an de Bus muss ech jo elo net opzielen. Dat selwecht gëllt fir den Tram, bei deem de Moment nach op der Stäreplaz Schluss ass, deen 2020 bis op d'Gare an duerno, eventuell 2023, bis op d'Cloche d'Or fiert. Dat sinn also déi éischter klassesch Methode fir sech fortzebeweegen.

Méi flexibel mat doucer Mobilitéit

Méi ustrengend awer vill méi flexibel asetzbar ass de Vëlo. Entweder mat der mBox, vun deenen et der ëmmer méi ginn an an déi ee säin eegene Vëlo ka stellen, oder mam Vel'Oh, also dem Locatiounssystem vun der Stad, ginn et do Méiglechkeeten. An an der Tëschenzäit gëtt et esou e System mat Vël'Ok och a ville Gemengen am Süde vum Land.

Eege Vëloe kann een iwwerdeems gratis mat Zuch, Bus an Tram mathuelen.

Fir de Carsharing, also d'Méiglechkeet Autoe fir eng kuerz Zäit ze lounen, stinn direkt zwee Servicer prett, eemol de Carloh an der Stad an de Flex-Service vun den CFL op 30 Statiounen an de 4 Ecke vum Land.

Elektresch oder zesumme fueren

An der Tëschenzäit sinn och ëmmer méi elektresch Bornen uechter d'Land disponibel fir sech esou ouni Angscht mam Elektroauto, -moto oder -scooter kënnen ze beweegen.

Eng weider Méiglechkeet ass de Covoiturage, dee mat der App Copilote soll méi einfach gemaach ginn, heibäi sicht een einfach Leit, déi mat engem fueren oder ee mat huelen.

An da muss een natierlech och un déi sëllechen nei Transportmëttel denken, wéi z.B. d'Trottinetten, déi d'lescht Woch wéi Champignonen aus dem Buedem geschoss sinn.

Ma nach emol: An Zukunft wäert et wuel esou sinn, dass e Wee mat 2, 3 oder 4 Verkéiersmëttel zur Normalitéit gëtt.