D'Autobunne sinn iwwerlaaschtEsou bekämpft dir d'Langweil am Stau

Wann een am Stau steet, da kann d'Zäit mol extrem laang ginn, oder och net...

Leschten Update: 17.10.2019, 19:05:15

© Pexels

Am Beruffstrafic ass et iwwerall op eise 6 Autobunne katastrophal. Wann dann och nach op enger eppes virfält, dann huet dat direkt Auswierkungen iwwert e puer Kilometer an am schlëmmste Fall ass direkt och nach eng weider Autobunn betraff. D'Resultat dovun ass e Monster-Stau aus deem ee sou schnell net eraus kënnt.

Dat kann ee mol verréckt maachen, zemools wann een eleng am Auto ass. Déi Zäit kann een notze fir z.B. mat deene Leit ze telefonéiere mat deenen ee frou ass. Am Aarbechtsalldag geet dee Kontakt nämlech gär e bësse verluer. Déi eenzeg Viraussetzung ass eng Fräispriechanlag am Auto.

Wann een elo keng Loscht huet nach vill ze schwätzen, da maacht genau de Contraire a lauschtert einfach mol e Podcast. Wann een enger Geschicht oder enger Diskussioun nolauschtert déi een interesséiert, da geet d'Zäit extrem schnell ëm an dat ass jo genau dat wat een am Stau wëll.

Och Musek ass extrem wäertvoll am Auto. Lauschtert net nëmmen no, mee sangt mat, loosst iech goen, ganz egal wat deen am Auto niewent iech denkt. Well wie weess, villäicht entsteet jo aus dem Bléck vun der Persoun am Auto niewendrun, e klénge Flirt.

Et dierf een net vergiessen dass sech am Stau och dacks Frust breet mécht. Hei ass eng ganz einfach Léisung, säi Frust eraus ze loossen. Loosst der Roserei fräie Laf, jäizt einfach emol a reegt iech gutt op.

Dee Moment dréint der iech zwar selwer op, mee duerno mécht sech Entspanung breet. Denkt just dru fir virdrun d'Fënsteren erop ze maachen. Wann der also deemnächst een am Auto niewent iech gesitt deen total ab geet, dann denkt drun, dass deen dat nëmme mécht fir sech ze entspanen.

Lauschtert eran