Nee et ass net d'Aubergine...Dat hei sinn déi meescht benotzten Emojien

Knapp 3000 Emojien hu mer op eiser Tastatur mee wéi eng Symboler packen et ënnert Top 10?

Leschten Update: 16.10.2019, 16:13:56

© Eldoradio

D'Kommunikatioun huet sech verännert: Ausgedréckt gëtt sech mëttlerweil net méi just mat Wieder, ma och mat Emojien. Sief et um Smartphone oder um Computer, déi kleng Billercher, déi mëttlerweil net méi aus komeschen Zeechekombinatioune wéi :-) oder xD bestinn, sinn immens beléift fir sech auszedrécken.

Den Unicode-Grupp huet elo Daten doriwwer publizéiert wéi eng 10 Emojien am beschte bei de User ukommen an deemno am meeschte verschéckt/benotzt ginn.

1. 😂

De Klassiker ënnert de Smileyen, op alle Fall an dësem Zäitalter. D'Gesiicht dat gläichzäiteg laacht a kräischt gëtt am meeschte benotzt an iergendwéi ass et kee Wonner: Schonn 2014 bis 2018 war de Smiley dee vu laache kräischt ënnert den 10 populäersten Emojien. 2015 gouf e souguer vum Oxford Dictionary zum Wuert vum Joer erkläert, dat ënner emojipedia.org

2. ❤️

Verschidde Proportiounen a verschidde Faarwen: Bei den Häerzer huet een am Emoji-Universum de Choix an dat kënnt gutt un. De Liibesbeweis, sief et am Rouden, mat engem Feil oder ëmkreest vu Stäre kënnt esou gutt un, datt d'Häerzercher et op d'Plaz 2 packen.

3. 😍

Och op der Plaz Nummer 3 geet et ëm d'Léift, dat kombinéiert mat engem Smiley. Ausdrécke soll dee virun allem wann engem eppes richteg gutt gefält, eben esou gutt, datt ee gefillt Häerzer an d'Ae kritt.


4. 🤣

Den "ROFL"-Emoji, also rolling on the floor laughing, gëtt et nach net esou laang, ma steet schonn op der 4. Plaz. Et ass eng Steigerung vum Emoji dee vu laache kräische muss, dat mécht dësen nämlech och, just dass e sou vill laacht, datt en och nach um Buedem rullt dobäi. Visuell duergestallt gëtt dëse Move ganz einfach andeem de Smiley kromm hänkt.


5. 😊

D'Aen zou, d'Bäckelcher rout an d'Mondwànkel no uewen: Dat ass de Klassiker ënnert den Emojien, deen een einfach muss benotzen. De Smiley wierkt einfach glécklech an och d'User sinn zefridde mat ëm soss géif e wuel net esou dacks benotzt ginn.


6. 🙏

Déi eng mengen et wier en High Five, déi aner erkennen: Et sinn zwou Hänn, déi bieden. Dësen Emoji gëtt awer net onbedéngt aus reliéisen Usiichte benotzt mee als Form vun Dankbarkeet oder wann een em eppes biedelt.


7. 💕

Nach méi Léift, nach méi Häerzer. Dësen Emoji kann als "love is in the air" interpretéiert ginn, et kann een et awer och just als ganz normalen Häerz-Emoji gesi well engem dës Form vu Liibesbeweis einfach besser gefält oder well een Häerz net duer geet.

 

8. 😭

Wéi den Emoji op der Nummer 1 fléissen hei d'Tréinen, dës Kéier awer effektiv well de Smiley Trauer ausdrécke soll. Wéi traureg kann en Emoji sinn: d'Plaz 8 mécht et vir.

 

9. 😘

Zréck bei d'Léift - de Smiley, deen en Aen zoupëtzt a gläichzäiteg e Kuss verschéckt ass och e richtege Klassiker. Ëmmerhin huet e säin Ursprong vun dëser Tastekombinatioun :-* Et ass also e ganz normale Kuss-Smiley, deen Zouneigung ausdréckt.


10. 👍

Onkomplizéiert awer seet genuch aus: Dat ass den Emoji mam Daum an d'Luucht. En dréckt aus dat alles ok ass oder, datt een d'Accord mat eppes ass. Natierlech kann et och einfach bedeiten, datt ee keng Loscht huet eppes aneres ze tippen oder villäicht och einfach keng Anung huet wat äntwerten, och da kënnt en onvergänglechen Daum an d'Luucht ëmmer gutt.

 


Ma dann op d'Emojien, fäerdeg a lass...