AltersfuerschungWie lues geet, gëtt méi séier al

Wéi s de trëppels, seet méi iwwert dech aus, wéi bis elo bekannt war. Dat geet aus enger neier Etüd ervir.

Leschten Update: 17.10.2019, 19:12:24

© Odd ANDERSEN / AFP

Wann s du op der Strooss Mënschen observéiers, kann s du aus hirem Gank schonn intuitiv Informatioune gewannen. Ass d’Persoun entspaant, oder gestresst, lëschteg oder bedréckt? Mee dat ass nach laang net alles, wat de Gank iwwert e Mënsch verréit. Dat weist elo eng nei Etüd vu Fuerscher vun der Duke University.

Ausgangspunkt fir d’Fuerscher war ee Phenomen, deen an der Medezin scho méi laang bekannt ass, nämlech dass et bei eelere Mënschen en Zesummenhang gëtt tëscht der Vitess wou si trëppelen, an der Liewenserwaardung. Ee luesen an onséchere Gank gëllt och als Indice fir eng Demenzerkrankung.

D’Fuerscher wollten elo awer och wëssen, op de Gank och Informatiounen iwwer méi jonk Persounen zouléisst. Si hunn eng 1.000 Testpersounen op engem Lafband marschéiere gelooss. Dat besonnescht dorun: d’Kandidate waren all am selwechte Joer, an der selwechter Stad gebuer an de Moment vum Test 45 Joer al.

Fir hire Gank z’analyséieren, hunn d’Fuerscher hinnen 3 Aufgabe gestallt. Als éischt sollte si normal séier op engem Lafband goen, duerno sollte si dobäi eng Denkaufgab léisen, an zum Schluss sollte si sou séier goe wéi së konnten, ouni ze rennen. Doriwwer eraus hunn d‘Fuerscher nach den IQ gemooss, hu Gehirscans gemaach a weider biologesch Donnée’en erfaasst.

Fazit: Mënsche mat luesem Gank si biologesch méi al wéi Mënschen déi méi séier ënnerwee sinn. Hire gesondheetlechen Zoustand ass méi schlecht, an hiren IQ ass méi niddereg.

Wéi d’Fuerscher betounen, kann dësen Test genotzt ginn, fir altersbedéngt Schied ze verhënneren. Preventioun wier nämlech méi einfach wéi schonn entstane Problemer réckgängeg ze maachen.