Innovativ ËnnerstëtzungMat "intelligentem" Stëft méi einfach Schreiwe léieren

E spezielle Stëft sollt d'Kanner beim Léiere richteg ze schreiwen an dem Beherrsche vun der Rechtschreiwung ënnerstëtzen.

Leschten Update: 16.10.2019, 14:00:29

© Unsplash

Léieren ze schreiwen ass eng vun den éischte groussen Erausfuerderungen an der Schoul. Haut kann ee sech net méi sou richteg virstellen, wéi et war, einfach guer net schreiwen ze kënnen – deemools war dat awer alles anescht wéi einfach.

Lauschtert eran!

LINK / Hei den Detail zum Projet!

Dat huet sech wuel och d'Ekipp ronderëm d'Fuerscherin Julia Knopf aus Däitschland geduecht. Si schaffen un engem Stëft, deen d'Kanner ënnerstëtze soll. Konkret handelt et sech ëm een "intelligenten" Stëft. Dës erkennen d'Schrëft vun de Kanner an hëllefen hinnen, hir Rechtschreiwung selwer ze verbesseren. Fir sech dat méi bildlech virzestellen: Während deem d'Kanner eppes schreiwen, leet de Schrëft dat Geschriwwent op eng Tablett weider an hei gi dann d'Feeler mat Hëllef vu Sensoren detektéiert.

Grousse Virdeel: D'Eegestännegkeet gëtt a fréiem Alter gefërdert. D'Kanner kréien direkt eng Réckmeldung op dat, wat si produzéieren a verbessere mat Hëllef vum Stëft selbststänneg eventuell Feeler. Aktuell ginn et dës Stëfter nach net. Wann dat Ganzt awer klappt an entspriechend Konzepter ausgeschafft gi sinn, wëll een d'Hëllefsmëttel an de Schoulunterrecht abauen. Riets geet hei awer fréistens vun Ufank 2022 un an dat och fir den Ufank just an Däitschland.