Mythen am CheckKnätsch ofschlécken - ass dat geféierlech?

Knae berouegt jo. Et kënnt awer och mol vir, dass sou e Knätsch am Mo lant. Ass dat net geféierlech? A ka Knätsch den Honger ënnerdrécken?

17.10.2019, 04:39:30

© Pexels

Déi meescht hunn iergendwou eng Knätsch-Reserv leien, sief et an der Täsch vun der Jackett oder am Auto, fir séier kënnen zouzegräifen. Ob schaarf oder éischter fruuchteg: Knätschen ass eng Gewunnecht-Saach.

E weidere Grond läit an eiser Natur. Fréier war et permanente Kampf em d’Iessen, fir net ze erhéngeren. Op Knätsch ronderëm knae berouegt dowéinst haut nach, well eise Kierper signaliséiert kritt, dass alles okay ass.


Ka Knätsch also d’Honger-Gefill reduzéieren? Net wierklech. De Kierper mengt kuerzfristeg, dass wéinst dem Knaen nach eppes "Richteges" nokënnt. No där Phase ass den Honger awer nach méi grouss wéi virdrun. Knätsch kann awer natierlech kee richtegt Iessen ersetzen.

A wéi gesäit et mam Zänn wäschen aus? Knätschen hëlleft bei der Mond-Hygiène, well doduerch méi Spaut produzéiert gëtt, an dee Spaut Bakterie bekämpft. Knätsch ouni Zocker ass och praktesch fir Iess-Rechter tëscht den Zänn lass ze ginn. Karies gitt der mat der zockerfräier Variant och aus dem Wee.

Wie knätscht, well e seng Kifer-Muskulatur méi staark a sexy wierke loosse wëll, muss enttäuscht ginn. Oder Ausdauer hunn, e puer Stonne pro Dag wieren néideg.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Mee e fit Gehir ass jo awer och sexy. Knätschen erhéicht d’Gehiraktivitéit an doduerch kann ee sech besser konzentréieren.

An déi grouss Fro: Knätsch, deen am Mo lant, ass dee geféierlech fir d'Gesondheet? E kloren Nee! E ganze Pak sollt een net erof kippen, mee wann ee mol ee Knätsch aus Versinn erof schléckt ass dat net problematesch.

Generell sollt een net ee Knätsch nom aneren an de Mond stiechen. Ze vill ze séier noeneen an op eemol hutt dir Duerchfall.

Also ëmmer schéin a Moosse knaen!