Gesondheet geet virAll Stresssituatioun Meeschter ginn!

Wéi dir trotz deem ville Stress gesond bleift!

17.10.2019, 05:00:47

© Unsplash

1. Froe kascht näischt!

Wann iech alles ze vill ass, da frot emol bei de Leit an ärem Ëmfeld no, ob si iech eppes ofhuele kënnen. Sief dat op der Aarbecht, mat de Kanner oder och beim akafen. Déi Stonnen déi dir doduerch gewannt, hëllefen den Immunsystem ze stäerken a manner gestresst ze sinn. Zum Beispill kënnt dir iech an där Zäit einfach op d’Couche leeën a raschten.

2. Gidd schlofen!

Schaffe goen heescht fréi opstoen. Et liest een zwar iwwerall wéi erfollegräich Leit sinn di fréi opstinn, parallel ass ze mann Schlof awer och erëm net gutt. Jo wat da lo? Hei mäin Tipp: Probéiert wéinstens zwee mol d’Woch genuch ze schlofen, dat heescht déi Deeg owes vläicht emol eng oder zwou Stonnen éischter an d’Bett ze goen.

3. Sex!

Sex ass gutt fir d’Nerven, fir den Immunsystem an natierlech och fir d’Laun. Mam Partner schmusen oder en décke Kuss hëllefen awer och schonn fir ären Ofwiersystem ze stäerken.

4. Eraus an d’Natur!

Dagesliicht, Vitamin D, frësch Loft, alles dat erwaart iech dobaussen an der Natur. Eng hallef Stonn spadséieren geet schonn duer, datt dir besser gelaunt sidd an de Kapp fräi kritt. Dobäi maacht dir och nach eppes Guddes fir d’Gesondheet.

5. E bësse besser iessen!

Ech soe bewosst: e bësse besser iessen, et soll een et jo net direkt iwwerdreiwen. E klengen Effort ass awer sécherlech dran. Bei de Liefkuch passt zum Beispill e gudden Ingwertéi mat frëscher Zitroun, immens gesond a gutt fir d’Verdauung. Fir ären Immunsystem ze stäerken ass och frësch gepressten Orangëjus eng gutt Alternative. Gemëscht mat Cremant schmaacht deen iwwregens extra gutt. Ah jo an denkt ëmmer drun: Eng Pizza mat Spinat ass ëmmer nach méi gesond wéi eng Pizza mat Zoossiss.