Halloweentrends 2019Pennywise, Joker oder awer Boris Johnson?

Wéi a wou gëtt Halloween 2019 gefeiert?

Leschten Update: 21.10.2019, 09:33:14

© Unsplash

Beim Kostüm inspiréieren sech d’Trends dëst Joer virun allem u Filmer oder Serien déi am Moment ugesot sinn. Mat engem Kostüm vun der béiser Fee aus Maleficient oder enger Mask vun de Brigangen aus der Serie “Haus des Geldes” maacht dir dëst Joer op allefalls näischt falsch. Wann dir iech gär schminkt, da sinn dëst Joer virun allem den Joker an de Clown Pennywise aus dem Film “It” interessant. Just d’Laach musst dir dann nach üben! Well den 31. Oktober awer och de Stéchdatum vum Brexit ass, leien och de Boris Johnson-Look oder Verkleedunge mam Union Jack voll am Trend.




Beim Iessen kann een sech och 2019 nach op di gutt al Klassiker verloossen: Kichelcher a Geeschterform, Rezepter mat Kürbis oder Kuch mat rouder Glasur déi ausgesäit ewéi Blutt. A wann et nach net grujeleg genuch ass, kënnt dir ëmmer nach mat Liewensmëttelfaarf nohëllefen.

Beim Iessen muss ee jo och eppes drénken an do leien d’Bowle an de Cocktail och 2019 nach ëmmer voll am Trend. Als Cocktail proposéieren ech iech fir Halloween e bluttroude Bloody Mary aus Tomatejus a Wodka, dee kënnt dir iwwregens och gutt an enger Sprëtz zerwéieren. Fir d’Bowle einfach e puer Zorte Jus zesumme mëschen a fir ze fierwen nach e Schotz Blue Curaçao oder schwaarze Wodka draschëdden. Fir nach méi Halloween-Flair kënnt dir nach e puer Wuerm-Kamellen drageheien, déi quëlle mat der Zäit op a ginn da ganz glibbereg.




Mir hunn dee richtege Kostüm, d’Iessen a Gedrénks ass och preparéiert, elo bleift just nach d’Fro wou gefeiert gëtt? Fir d’éischt géif ech emol mat de Kollegen doheem virfeieren! Do kënnt dir a Rou äre Maquillage fäerdeg maachen a mam preparéierten Iessen a Gedrénks op Toure kommen. An duerno gesi mir eis dann op der Eldoradio Halloween Party an de Rives de Clausen!